
Vill Chaos, handwierklech Feeler, d’Suen zur Fënster eraus gehäit. Dat waren d’lescht Woch éischt Reaktiounen, wéi d’Cour des Comptes der Budgetskontrollkommissioun an der Chamber éischt Erklärungen zu hirem Spezialrapport iwwert de Large-Scale-Testing (LST) wärend der Covid-Pandemie ginn huet. Dobäi ënnersicht d’Cour des Comptes net, ob dee Programm vun engem epidemiologesche Standpunkt sënnvoll war, mee si kuckt, ob d’Reegelen am Ëmgank mat ëffentleche Suen agehale goufen. Déi dräi ënnerschiddlech Phase vum Large-Scale-Testing hunn zesummen 134 Milliounen Euro ouni TVA kascht.
D’Cour des Comptes ass der Meenung, datt de Programm an allen dräi Phase largement iwwerdimensionéiert war. D’maximal Capacitéit, déi am Programm virgesi war, gouf net genotzt. Et goufen also wesentlech manner Prelevementer a PCR-Tester gemaach, wéi geplangt. Dat louch awer och do drun, datt vill Leit, déi eng Invitatioun kruten, fir sech fräiwëlleg testen ze loossen, net dohi gaange sinn.
Ganz vereinfacht ausgedréckt: Well net ofgerechent gouf, wat reell u Prelevementer a PCR-Tester gemaach gouf, mee just eng Zort Pauschal oder e Forfait. D’Cour des Comptes hält fest, datt an der éischter Phas vum LST, déi vum Luxembourg Insitute of Health (LIH) organiséiert gouf, keng genee Krittäre fir d’Depensë festgehale waren. Deemno konnt een och net do drop zréckgräifen, fir eventuell Rechnungen ze refuséieren. An der éischter Phas hu Laboratoires réunis einfach *26 Prozent op d’Käschten drop geschloen, dovu 15 Prozent puer Marge.
An der zweeter Phas, wéi d’Santé d’Organisatioun iwwerholl huet, huet de Cahier des charges vun der Ausschreiwung virgesinn, datt méi e groussen Deel vun der Bezuelung vun de reellen Testzuelen sollt ofhänken. Déi Ausschreiwung gouf awer annuléiert. Déi eenzeg Offer, déi déi dräi Lëtzebuerger Privatlaboen zesummen ofginn haten, huet de Budget vu ronn 60 Milliounen, dee virgesi war, wäit iwwerschratt an d’Ausschreiwung gouf annuléiert. Dono gouf e Marché mat Laboratoires réunis negociéiert. Der Cour des Comptes no, war d’Haaptdifferenz tëscht de Konditioune vun der Ausschreiwung an dem negociéierte Kontrakt, datt de finanzielle Risiko vum private Labo bei de Staat geréckelt ass. Et gouf nees méi en héijen Undeel u Fixkäschten a méi e klénge variabelen Deel op Basis vun den duerchgefouerten Tester, also vereinfacht gesot, méi pauschal ofgerechent.
Et ass awer net just esou, datt manner Leit an de Large-Scale-Testing komm sinn, wéi virgesinn. Mee d’Laboratoires réunis hunn d’Prelevementer vu véier Persoune fir de PCR-Test am Labo “gepoolt”. Wann d’Resultat dovun negativ war, waren also dräi PCR-Tester agespuert. Dat ass en Ënnerscheed zu de Prelevementer vu kranke Leit, déi mat enger Ordonnance vum Dokter getest goufen. Do gouf all Prelevement eenzel am Labo getest. D’Cour des Comptes ass der Meenung, datt d’Berechnunge vu Laboratoires réunis net berécksiichtegen, wéi vill duerch dee Pooling agespuert gouf. Iwwert déi dräi Phase vum LST huet de Labo am ganze ronn *119 Milliounen Euro fir Prelevementer an Tester verrechent. Do si fir d’Phasen zwee an dräi zwar och Antikierpertester dobäi, mä de Gros sinn awer PCR-Tester. Wann een de Pooling berécksiichtegt, kënnt d’Cour des comptes mat CNS-Tariffer op 51 Milliounen Euro, also manner wéi d’Hallschent.
D’Laboratoires réunis hu mat hire Sous-Traitanten effektiv Test-Statiounen opgebaut a sech prett gehalen, fir déi maximal Capacitéit un Tester ze maachen. Ma wann een hir Bilane kuckt, stellt ee fest, datt hir Marge bénéficiare vu ronn véier Prozent 2019 op iwwer 18 Prozent 2021 geklommen ass. Laboratoires réunis hunn also iwwerduerchschnëttlech gutt verdéngt, wat als kommerziell Firma hire But ass.
D’Santé hëlt am Rapport net dozou Stellung, wéi d’Penalitéite wéinst dem Net-Anhale vun den Indicateurs de performance decidéiert goufen. Wärend der zweeter Phas ware beispillsweis knapps zwou Milliounen Euro Penalitéite fälleg, déi dunn op ronn 270.000 Euro reduzéiert goufen. Eng méiglech Erklärung ass, datt d’Virgabe fir de Large-Scale-Testing an déi, fir krank Leit mat Ordonnance ze testen, sech iergendwann widdersprach hunn. Zu den Indicateurs de performance vum LST huet ënnert anerem gezielt, datt d’Resultater bannent engem kuerzen Delai sollte virleien. Mee wéi d’Infektiounszuele geklomme sinn, hunn och musse méi krank Leit mat Ordonnance vum Dokter getest ginn. Déi hate Prioritéit virum LST. Dat huet méiglecherweis dozou gefouert, datt d’Delaie vum LST net konnten agehale ginn. An der drëtter Phas gouf deem nämlech Rechnung gedroen: wann d’Infektiounszuelen iwwert e gewësse Seuil geklomme sinn, war den Delai fir d’Resultater aus dem LST an der drëtter Phas méi laang.
D’Cour des Comptes wërft den Organisateure vun der éischter Phas LST “Saucissonage” vir. Dat, well den Haut-Commissariat à la protection nationale dem Programm PCR-Tester vu Milliounewäert gestëft huet. Doduerch blouf de Projet ënnert dem Seuil vu 40 Milliounen Euro, vun deem un e Spezialgesetz fir d’Finanzéierung néideg ass.
Ofgesi vun der Ausschreiwung fir d’zweet Phas, déi donieft goung, ass d’Cour des Comptes der Meenung, datt genuch Zäit gewiescht wier, fir déi drëtt Phas auszeschreiwen. Dat gouf awer net gemaach. Amplaz gouf et nees e Kontrakt mat Laboratoires réunis.
*Dësen Artikel ass de 5. Mäerz corrigéiert ginn, wat d’Käschten ugeet.