
De grouss annoncéierte Consultatiounsprozess “Schwätz Mat” en vue vun der Pensiounsreform war wuel éischter eng politesch Kommunikatiounsprozedur, wéi eng wierklech participativ Demarche. Dat kritiséieren e Freideg de Moien den OGBL an LCGB an engem gemeinsame Communiqué.
Mat nëmmen 2.000 Leit vun ongeféier 650.000 Concernéierten, déi matgemaach hätten, kéint een net vun engem Succès schwätzen. Wa just 0,3% vun de betraffe Leit matschwätzen, misst een dat éischter als en Echec bezeechnen oder als Illusioun vun ëffentlechem Matsproocherecht.
Ëmsou méi, wann ee bedenkt, dass dat ganzt 140.000 € kascht hätt - oder anescht gesot 70 € pro Contributioun. D’Gewerkschaften halen awer op alle Fall fest, dass eng Majoritéit vun de Leit um aktuelle Pensiounssystem wëll festhalen.