Sozialplang bei der SESOGBL: "D'Regierung vergësst hir Engagementer"

RTL Lëtzebuerg
D'Ënnerstëtzung vu Säite vun der Regierung vun der Restrukturatioun an dem Sozialplang beim Satellittebedreiwer wier am Widdersproch mam Koalitiounsaccord.

Am Regierungsprogramm 2019-2023 hätten d'Koalitiounspartner sech engagéiert, déi professionell Parcoursen ofzesécheren an d'Erhale vun Aarbechtsplazen ze prioriséieren, ënnert anerem iwwer Formatiounen an Ëmschoulungen.

Den OGBL wier dofir iwwerrascht iwwert Aussoe vum Premier- a Medieminister Xavier Bettel en Dënschdeg an der Chamber. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema hätt de Xavier Bettel erkläert, datt d'Restrukturatioun an de Sozialplang néideg wieren, well verschidde Kompetenzen net méi géife gebraucht ginn.

Allerdéngs hätt een hei och op eng manner "brutal" a méi sozial Léisung kéinten zréckgräifen, esou den OGBL. Et géif een net verstoen, firwat de Lëtzebuerger Staat, als wichtegen Aktionär, sech net fir e sougenannte "Plan de maintien dans l'emploi" agesat hätt, wéi d'Gewerkschaften et proposéiert hätten.

Den OGBL fuerdert d'Regierung op, hir Positioun zu der Restrukturéierung an dem Sozialplang bei der Europäescher Satellittegesellschaft mat Sëtz zu Betzder nach emol z'iwwerdenken.

Iwwerdeems fuerdert den onofhängege Gewerkschaftsbond, datt d'Gesetzeslag zu de Sozialpläng nach ee Mol op de Leescht geholl gëtt - hei géifen et den Ament net genuch Garantië fir d'Salariéeë ginn.

Schreiwes vum OGBL (12.6.2020)

Back to Top
CIM LOGO