
De Betrib, bei deem d’Aktivitéite jo schonn zanter 2 Joer Brooch leien, wier nach ëmmer net am Stand ze soen, wéi dësen da soll ausbezuelt ginn, an déi ronn 150 Salariéë liewen an enger immenser Onsécherheet. Dat schreiwen den OGBL an den LCGB e Freideg de Moien an engem gemeinsame Communiqué.
D’Gewerkschafte géife weider mat de Salariéen alles maachen, fir de Site an engem normalen Zoustand ze halen, fir dass sech endlech e Repreneur kéint fanne loossen, mä et appelléiert een awer elo un d’EU-Kommissioun an hir Memberlänner, also och un d’Lëtzebuerger Regierung, dass séier eppes ënnerholl gëtt. D’Instanze missten agéieren, fir Liberty Steel ze ecartéieren an en neie Proprietär ze fannen.
RTL-News (4.12.23): Reunioun tëscht Regierung a Gewerkschaften: Zukunft vu Liberty Steel weider ongewëss
RTL-News (2.2.23): SNCI a GFG Grupp gi sech net eens: Keng positiv Nouvellen am Dossier Liberty Steel
Link: D’Schreiwes vun de Gewerkschaften.