No Aus vu Servicer fir PrivatclientenOGBL hätt vun ING gär Kloerheet iwwer Zukunft vum Personal
Et wéilt ee vun der Bank wëssen, ob - a wa jo, wéi eng - Repercussiounen d'Decisioun, d'privat Konten zouzemaachen, op d'Personal vun der Bank wäert hunn.
Verëffentlecht: 03.06.24 08:50, Update: 09.12.25 15:01
Wéi d'Gewerkschaft an engem Schreiwes matdeelt, hätt een dat der Direktioun vun der Bank och an engem Bréif matgedeelt.
Den OGBL stellt dann och d'Noutwendegkeet vun der ING hirer Decisioun a Fro a betount, dass ee voll hannert der Beleegschaft vun der Bank zu Lëtzebuerg stéing.