"Et gëtt e waarmen Hierscht"OGBL preparéiert sech op schwiereg Diskussiounen ëm Kollektivverträg

RTL Lëtzebuerg
"Wann déi nei Regierung wëlles hat, eis rosen ze maachen, dann ass et hir gelongen", esou d‘Presidentin vum OGBL Nora Back nom Nationalcomité. 
© Maxime Gillen

Dat ënnert anerem well d‘Regierung kéint op de Wee goen, datt an Zukunft och ouni Gewerkschaften kënne Kollektivverträg an de Betriber negociéiert ginn. „Dat ass eng rout Linn fir eis. Dat ass en No-Go“, esou de klore Message en Dënschdeg zu Esch.

Méi Kollektivverträg dierf net heeschen méi schlecht Kollektivverträg

OGBL preparéiert sech op schwiereg Diskussiounen ëm Kollektivvertrag
“Wann déi nei Regierung wëlles hat, eis rosen ze maachen, dann ass et hir gelongen”, esou d‘Presidentin vum OGBL Nora Back nom Nationalcomité.

Zu Lëtzebuerg sinn den Ament ronn d‘Hallschent vun de Salariéen duerch e Kollektivvertrag ofgedeckt. Dat ass bei Wäitem net genuch, fënnt den OGBL, ma an Tëscht och d‘Europäesch Unioun. Eng Direktiv hält fest, datt Lëtzebuerg op en Niveau vu ronn 80 Prozent muss kommen. Dohier kënnt dann och dës Iddi, fir ouni Gewerkschaften eventuell kënne méi séier Kollektivverträg auszehandelen.

“Mir appelléieren un eisen Aarbechtsminister, net op déi Fal do eranzefalen an op kee Fall do op kromm Gedanken ze kommen, do eng Ouverture ze maachen.” Ouni Gewerkschaften hätten d‘Salariéen net déi néideg Onofhängegkeet a Ressourcen fir fair Kollektivverträg kënnen ze negociéieren, betount d‘Nora Back.

Staarken ëffentleche Pensiounssystem muss bleiwen

En Vue vun enger méiglecher Pensiounsreform stellt den OGBL nach eng Kéier kloer, datt een alles dofir mécht, fir den aktuellen ëffentleche Rentesystem ze schützen. Där héijer Pensioune géif et am Système général elo scho keng ginn. An der Moyenne kritt e Salarié, dee säi Liewe laang zu Lëtzebuerg geschafft huet, ronn 3.600 Euro Pensioun. De Risiko vun Altersaarmut ass deemno reell, esou d‘Nora Back.

Et dierft een sech och net blende loosse vun der Ausso déi kleng Rente géife verbessert ginn. Domat géif een u sech just de Rentesystem an d‘Hänn vu Privat-Assureure ginn, fënnt d‘OGBL-Presidentin. “An dat ass en Ofbau vum Rentesystem fir jiddereen.” Den 9. Oktober kommen den OGBL an den LCGB eng éischte Kéier mat der zoustänneger Ministesch Martine Deprez zesummen, fir iwwert de Pensiounssystem ze schwätzen.

Liberty Steel als Negativ-Beispill

Och an den eenzele Betriber, an deenen den OGBL vertrueden ass, géif et e sëllege Probleemer ginn. Dorënner dat Diddelenger Wierk vu Liberty Steel. “Zanter 2 Joer gëtt net méi produzéiert an zanter zwee Joer liewen do déi Beschäftegt an enger dagdeeglecher Angscht”, wat muer ass an ob si dann nach eng Aarbechtsplaz an eng Pai hunn oder net. “Si wëlle just schaffen. Si wëllen näischt anescht wéi hirer Aarbecht nogoen a kënnen dat net maachen”, erkläert d‘Nora Back. An Tëscht hätte scho 4 Aarbechtsministeren an 3 Wirtschaftsministeren sech domat beschäftegt, an et géif nach ëmmer keng Léisung ginn, bedauert d‘Presidentin vum OGBL.

Am Dossier Caritas mécht den OGBL e leschten Appell un de Premier Luc Frieden, dofir ze suergen datt redresséiert gëtt, wat an deene leschte Stonne geschitt ass, dat heescht datt d‘Mataarbechter vun der Caritas iwwert en Transfert d‘entreprise bei HUT iwwerholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO