Wei d’Asbl op hirer Bilanspressekonferenz en Donneschdeg matgedeelt huet, wieren zejoert 116 Patienten am Haus Omega - enger palliativer Struktur - betreit ginn, iwwer 4.600 Leit haten e Rendez-vous mam Berodungsservice (een Drëttel dovunner sinn Consultatiounen fir Kanner) an 814 Leit goufen an de Soins pallatifs forméiert.
Grad wat de Berodungsservice ugeet, hätt ee festgestallt, dass de Besoin fir Kannerpsychologen ëmmer méi grouss gëtt, erkläert d’Co-Directrice vun Omega 90, d’Nicole Weis-Liefgen:
“Et vergeet wierklech keng Woch, wou net een oder zwee Educateuren aus Crèchen oder Maison Relaisen eise Professioneller aus dem Beräich vun der Kanner-Begleedung uruffen an soen, dass si e Kand do hunn, wou d’Mamm oder de Papp gestuerwen ass oder d’Boma oder een, deen hinnen nosteet, a si wëssen dann guer net, wéi se dat Kand solle begleeden. Mir hale Formatiounen, mee mir hu ganz dacks d’Impressioun, dass mer guer net kënne genuch Formatiounen halen, well mer net genuch Personal dofir hunn. An dass si och wierklech nach vill méi oft, den Ament selwer Ënnerstëtzung bräichten, déi mir sou oft wéi méiglech leeschten, mee leider och um Personal scheiteren.”
Nieft de Formatioune gëtt et och eng sougenannt “Trauer- Wallis” mat verschiddene Konzepter fir den Enseignanten déi néideg Kompetenze mat op de Wee ze ginn.
Den Duerchschnëttsalter vu Leit, déi am Haus Omega wärend hirem Liewensenn begleet ginn, geet ëmmer weider erof. 2018/19 louch een nach bei 76 Joer, mëttlerweil wier den Alter bei 70 Joer. Vum Gefill hier, wieren d’Patienten awer meeschtens tëscht 50 a 60 Joer al. Heiansdo wieren et dann och ganz jonk Leit an hiren 20er Joren oder eeler Leit vun Enn 80. 90 Prozent vun den Awunner am Haus Omega sinn iwwregens Kriibspatienten.
D’Haus Omega ass ganz beléift an oppe fir all Mënsch, erkläert d’Presidentin vun Omega 90 Diane Dhur:
“Mir wollte wierklech betounen, dass ee fir an d’Haus Omega ze kommen, keng Ordonnance vun engem Dokter brauch, an dass een och net vun engem Spidol muss iwwerwisen ginn. D’Famill oder de Patient selwer kënne sech bei eis mellen an da kucke mir, wat d’Wënsch an d’Bedierfnisser si vum Patient. Duerno kucke mer zesummen, ob a wéini eng Opnam méiglech ass.”
E positive Constat, deen ee géing maachen, wier, dass d’Leit ëmmer méi spéit an d’Haus Omega kommen, wat géing heeschen, dass se méi laang doheem kënne betreit ginn, iert et guer net méi geet. Et wier gutt, wann d’Leit do kéinte stierwen, wou se liewen, mee dat wier eben och dacks zum Schluss vun de Soinen hier, net méi méiglech.

61 Salariéeë schaffe fir d’Asbl. Ouni Benevolat géing Omega 90 allerdéngs net funktionéieren. 72 Benevolle sinn aktuell aktiv, ma dat géing bei Wäitem net duergoen. Fir Benevole ze ginn, muss een eng Formatioun vun 200 Stonne matmaachen, déi an dësem Hierscht nees ufänkt.
8 Milliounen Euro huet d’Asbl zejoert fir hir Servicer ausginn. De Gros gëtt vun der CNS an dem Familljeministère iwwerholl, 560.000 Euro koumen duerch Donen eran, ouni déi d’Asbl net kéint funktionéieren.
Um Enn vun Liewe ginn et eng ganz Rei wichteg Dokumenter auszefëllen, notamment soll een eng offiziell Vertrauenspersoun (personne de confiance) nennen an eng Disposition de fin de vie an eng Directive anticipée ausfëllen. Dat misst méi einfach gemaach ginn, fënnt de Co-Direkter vun Omega 90 Fabien Weiser:
“Mir fannen, dass et wichteg wier, dass déi Dokumenter och elektronesch kënnen ugeluecht ginn. Zum Beispill um Guichet wier et hautdesdaags jo technesch machbar, dass een déi Dokumenter do hannerleet an dass se och da kënnen opgeruff ginn, wann d’Urgence kënnt. An dann déi Persoune musse kontaktéiert ginn. An dass een och weess, wat ee mécht wann een an esou enger Situatioun ass.”