ClierfOnbekannter hu muttwëlleg Géigestänn op d'Schinne geluecht

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien am Fall vun engem geféierlechen Agrëff an den Zuchverkéier.

E Méindeg den Owend hunn Onbekannter ronn 700 Meter virun der Gare zu Clierf muttwëlleg Géigestänn op d’Schinne geluecht. Geschitt ass dëst tëscht 19.15 an 20.15 Auer. Obwuel en Zuch iwwert dës Géigestänn gefuer ass, konnt Schlëmmeres verhënnert ginn, sou d’Police. Blesséierter goufen et net.

Ermëttlungen hunn erginn, dass an der Ëmgéigend diverst Aarbechtsmaterial op enger Baustell geklaut gouf. Et goufen och materiell Schied gemellt. Eng Enquête gouf op Uerder vum Parquet an d’Weeër geleet.

Wien eppes gesinn huet, ass gebieden, sech bei der Police Ëlwen via Telefon (+352) 244 87 1000 oder E-Mail police.troisvierges@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO