
En Onbekannten hat un der Hausdier vum Affer geschellt an uginn, Spende fir eng Organisatioun ze sammelen. Hien huet och no engem Glas Waasser gefrot a konnt de Moment ausnotzen, wéi d’Bewunnerin net opgepasst huet, fir hire Portmonni ze klauen.
Ermëttlunge goufe lancéiert.
Dacks gi virun allem eeler Mënschen Affer vun esou Bedruchsmaschen. D’Police mécht an deem Kader den Appell, eeler Matmënschen am Ëmfeld doriwwer z’informéieren.
Präventiv Rotschléi vun der Police ginn et HEI.