EntwécklungshëllefONGen aus dem Beräich maache sech Suergen ëm hir finanziell Ofsécherung

Fanny Kinsch
Dat nodeems de liberale Kooperatiounsminister Xavier Bettel den aktuelle Modell fir ONGen z'ënnerstëtzen a Fro gestallt huet

D’Thema stoung um Ordre du Jour vun der zoustänneger Chamberkommissioun. Déi Gréng a Persoun vun der Joëlle Welfring hunn Explikatioune vum Minister verlaangt. Et wier ee vu besuergten Organisatioune kontaktéiert ginn, déi fäerten, manner Hëllefe fir d’Beräicher Educatioun a Sensibilisatioun ze kréien.

“Wichteg ass ze wëssen, dass do verschidden ONGen, vill ONGen de Signal kruten aus dem Kooperatiounsministère, dass hiert Finanzement hannerfrot wier an dass sech do och wierklech ganz vill Leit Suerge maachen. Mëttlerweil sinn och scho verschidde Verträg, Aarbechtsverträg net verlängert ginn. Et sinn och anscheinend schonn zwou Persounen entlooss ginn. Grad déi kleng Organisatiounen, déi kréien dat ganz besonnesch ze spieren.”

Concernéiert sinn déi Gréng no 25 ONGen a ronn 50 Mataarbechter. D’Joëlle Welfring schwätzt vu Panik am Secteur. Den zoustännege Minister Xavier Bettel kann dat net wierklech novollzéien.

“Ech weess net, wat d’Panik ass, wann nach näischt decidéiert ginn ass. Ech mengen, déi Beamten, déi dru geschafft hunn, hunn och matgedeelt, dass am Moment all Dag Reunioune sinn, dass eng Rëtsch vun den ONGen, wann ee mat hinne schwätzt, och frou sinn, wann eng Koherenz kënnt. Well am Moment ass am Fong de Minister, deen decidéiert, wat fir eng Sensibilisatiounscampagnë solle finanzéiert ginn oder net an der Educatioun. An ech sinn der Meenung, dass dat och wichteg wier, zesumme mat den ONGen ze decidéieren, ze diskutéieren an och mam Bildungsminister, well et fir mech wichteg ass, wa mer vun Educatioun schwätzen, dass och net laanscht een Educatiounsministère geschafft gëtt, mä zesumme mat engem Educatiounsministère.”

Och de Cercle de Coopération misst mat agebonne ginn, esou de Minister. Sensibilisatioun misst beim Grand Public ukommen.

“Ech hu Beispiller kritt, wou da gesot gëtt ‘Jo, mä hei si hunn hir Memberen awer informéiert oder si hunn awer déi Broschür diffuséiert’. Et geet jo drëms, awer och de Grand public och z’informéieren.”

D’Oppositiounspolitiker hu sech net wierklech zefridde gewise mat den Explikatioune vum Xavier Bettel. Den LSAP-Deputéierten a fréiere Kooperatiounsminister Franz Fayot sot dozou:

“Et ass kloer, dass den Ausseminister do eng Decisioun geholl huet, fir dee System, wéi e lo besteet, fir deen opzehalen. Dat heescht, wéi Der gesot hutt, ‘mir sinn net méi do, fir déi ONGen do hir Fraise de fonctionnement an hir Personalkäschten ze finanzéieren’, awer ouni e bëssen ze wëssen, wat alles do dohannert stécht.”

Wann een e System duerch en aneren ersetze wéilt, misst een och d’Capacitéiten dofir hunn. Dem Cercle de coopération méi Verantwortung ze ginn, hält souwuel den LSAP-Deputéierten, wéi och den déi Lénk-Deputéierten David Wagner fir problematesch.

“Dee misst op eemol déi Enveloppe kréien, wann ech dat richteg verstanen hunn, an decidéieren, wie vun de Memberen op eemol Sue kritt vum Staat. Dat ass net seriö, wat seriö ass. Dat ass justement, datt kloer Krittären etabléiert goufen vum Staat, fir ze wëssen, wéini kann een en Accord cadre kréien, wéini kann een e Projet annuel kréien. Dat si jo keng erfonnte Krittären. Dat geet jo net Pi mal Daumen.”

D’Kommunikatiounsstrategie vum Minister wier eng Katastroph, kommentéiert iwwerdeems de Sven Clement vun de Piraten.

“De Minister ass dohinner gaangen, en huet als Éischt den Appel à projet nach am November lancéiert, fir dunn d’ONGe bis am Abrëll waarden ze loossen, wéi et weider géif goen.”

D’Oppositiounsparteie warnen iwwerdeems, datt Know-How kéint verluer goen, deen d’ONGen iwwer Joren opgebaut hätten.

Back to Top
CIM LOGO