
Et si “keng einfach Zäite fir d’Verbraucher. Vill Leit zerbriechen sech de Kapp fir iwwert d’Ronnen ze kommen”, sou de President vum Konsumenteschutz ULC Nico Hoffmann e Méindeg virun der Press.
Ëm déi 4.650 nei Dossiere goufen d’lescht Joer bei der ULC opgemaach. Bal d’Hallschent dovunner betreffen de Constructiouns- a Logementssecteur. D’Onzefriddenheet vun de Leit géif sech och un de villen Telefonsappelle weisen. Eleng zejoert waren dat der 37.000. Och d’Zuel vun de Maile wier ëm knapp ee Véierel op ronn 16.000 eropgaangen.
Aner Problemer, mat deenen d’ULC vill konfrontéiert gëtt, sinn d’Explosioun vun den Energie-Präisser, de Manktem u Kafkraaft, d’Gemengentaxen an eng gerecht Steierreform.
De President Nico Hoffmann fuerdert dowéinst konkret Ännerungen:
“D’ULC ass der Meenung, dass den Energiedeckel hätt onbedéngt missten oder op d’mannst bis Enn vun dësem Joer bäibehale ginn an CO2 Steier hätt jo och emol kéinten op d’mannst fir ee Joer ausgesat ginn. Mir sinn natierlech och der Meenung, dass selbstverständlech d’Energietransitioun soll gefërdert ginn.“
Weider reprochéiert hien der Regierung, d’Rechter vun de Verbraucher net seriö genuch ze huelen a mécht den Appell, dass de Leit méi aktiv soll gehollef ginn.
De Banke gehäit d’ULC vir, dass et ze schwéier ass, ee Prêt ze kréien an d’Zënsen dorop ze héich sinn. Och mat den héije Loyerspräisser kéint et esou net weidergoen:
“Dofir muss fir eis un éischter Stell d’Spekulatioun op den Terrainen effikass bekämpft ginn an eidel Wunnengen deementspriechend och méi staark besteiert ginn, well d’Zil vun alle Beméiunge muss et sinn, méi abordabelen, méi bezuelbaren a méi soziale Wunnengsraum ze schafen. An dat och virun allem fir déi méi jonk Generatiounen, déi jo riseg riseg Problemer hunn, sech nach eppes ze leeschten.“
Och d’Käschte vun den Altersheemer ginn als Problem ugeschwat, an dass sech vill Leit am Alter keen Zëmmer kënne leeschten.
Am Juni ass d’Generalversammlung vun der ULC, op där sech de President no 16 Joer un der Spëtzt vum Konsumenteschutz wäert zeréckzéien. Do gëtt dann och dee genaue Bilan presentéiert.