Bis November 2025 sollen nach 80 bis 90 nei Piloten agestallt ginn. 60 nei Stewardessen a Stewarde goufen dëst Joer rekrutéiert. D’Kabinnepersonal huet eemol d’Joer en Training am Simulator. D’Piloten all 24 Méint.
Iwwer 2,5 Millioune Passagéier goufen 2023 vun der Luxair op déi eenzel Vakanzendestinatioune geflunn. Dat si vill Leit, wou mol ëmmer wärend engem Vol engem e Malaise geschéie kann. Heirobber gëllt et, als Kabinnepersonal preparéiert ze sinn.