An der Stad vum keltesche Vollek vun den Treverer hu ganz vill Mënsche gelieft a geschafft. Hei gouf et och en Tempel, den “Habitat”, dat heescht Wunnenge vun de Kelten an e Kierfecht. Wärend 60 Joer hunn Archeologen hei Ausgruewunge gemaach an hu ganz wäertvoll Erënnerungsstécker un dës Zäit fonnt a gesammelt.
Nodeems d’Réimer am Joer 53 viru Christus d’Kelte verjot hunn, huet den Tëtelbierg u Bedeitung verluer. Aus dem imposanten “Oppidum” gouf e klenge “Vicus”.
D’Geschichtsfrënn vu Péiteng hu sech de Kelten ugeholl an organiséiere reegelméisseg Visitten op dës aussergewéinlech Plaz. Gesicht ginn och nei Guiden, déi Loscht hunn an dës Zäit anzedauchen.
Méi Informatioune ginn et op www.geschichtsfrenn-peiteng.lu.