Permis agezunnOp der A4 war e Chauffer mat iwwer 190 km/h ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Mat Verstéiss géint d'Vitesslimitatiounen oder alkoholiséierte Chaufferen hat d'Police déi lescht Nuecht ze dinn.

Mat iwwer 190 Kilometer an der Stonn op der Autobunn war géint 5 Auer e Sonndeg e Mann op der A4 ënnerwee. Opgefall war hien enger Patrull, well hien dës iwwerholl huet. Wéi d’Beamten de Won unhale wollten, hat de Chauffer aner Pläng an huet weider beschleunegt. Eréischt bei der Sortie vum Belval konnten d’Polizisten den Auto unhalen. Wéinst der iwwerdriwwener Vitess gouf de Permis ofgeholl an eng Plainte gemaach.

Villes deit drop hin, datt e Chauffer vun engem E-Scooter géint 4 Auer an der leschter Nuecht tëscht Biergem an Hunchereng en Déier ze pake krut an dowéinst gefall ass. D’Beamten, déi op d’Plaz geruff goufen, konnte beim Mann, dee keen Helm unhat, en erhéichten Alkoholpeegel feststellen. Well dësen awer dono am Spidol sech geweigert huet, fir e Blutttest ze maachen, gouf de Permis agezunn. Och hei gouf eng Plainte gemaach.

U sech hätt e Mann an der leschter Nuecht zu Esch guer net dierfte mat sengem Auto ënnerwee sinn, well hien de Permis just hat, fir tëscht der Aarbecht a sengem doheem ze pendelen. Trotzdeem war hien an der Minettmetropole ënnerwee, an dat och nach däitlech ze séier, wéi d’Police schreift. Och hie koum an den Notizblock vun de Polizisten.

Ouni Versécherung, mat THC am Blutt an och nach ze séier war e Mann géint 1.30 Auer an eng Policekontroll zu Stengefort geroden. Well de Mann direkt zouginn huet, Cannabis konsuméiert ze hunn, gouf en Test gemaach, dee positiv ausgefall ass. Weider gouf am Auto och nach eng Matraque fonnt. De Mann krut e provisorescht Fuerverbuet an eng Plainte gouf gemaach.

Back to Top
CIM LOGO