
En Haus ass hei a Brand geroden. Éischten Informatiounen no schéngt de Brand ënnert dem Daach ausgebrach ze sinn. Wéi et vum CGDIS heescht, wier keng Persoun blesséiert ginn.
Den Accès op de Site gëtt als immens schwiereg beschriwwen, well ëmmer nees Pompjeescamionen neit Waasser op d’Plaz transportéiere mussen.
Eng sëllege Pompjeescorpsen aus der Ëmgéigend goufen op d’Plaz geruff, fir bei de Läschaarbechten ze hëllefen. Am Asaz: d’Pompjeeë vu Buerschent, Pëtschent, Nordstad, Géisdref, Colmer-Bierg, Wolz, Veianen, Wëntger a Lac, wéi och eng Ambulanz aus der Nordstad an eng vu Wolz.