Zanter Enn den 90er Jore proposéiert "d'Stëmm vun der Strooss" hire Beneficiairen eemol eng Visitt op der gréisster Kiermes an der Groussregioun.
De soziale Kontakt ass wichteg an d'Gefill derzou ze gehéieren och. Eleng d'Spiller kaschten d'"Stëmm vun der Strooss" eng 4.000 Euro. Zanter mëttlerweil 9 Joer bitt de Jérôme Bigard, Proprietär vum "Kessel" de Leit vun der Stëmm eng waarm Moolzecht un. Hëllef kritt hien dëst Joer vun der "Friture Joselet".