Beruffsorientéierung am Mamer LycéeOp der Sich no enger Ausbildungsplaz: En Abléck an d'Beruffswelt

Diana Hoffmann
Wärend zwee Deeg kruten d'Schüler vum Lycée Josy Barthel zu Mamer en éischten Abléck an d'Aarbechtswelt.

Beruffs-Orientatioun am Mamer Lycée / Reportage Chris Meisch

En Abléck an d’Beruffswelt an den éischte Kontakt mat Patronen aus verschiddenen Entreprisen, kruten en Dënschdeg am Mariendall eng 50 Jonker aus dem Mamer Lycée Josy Barthel. Zil ass et, d’Schüler op hirem Wee an d’Aarbechtswelt ze begleeden, andeems si verschidden Acteuren aus der Beruffswelt kenneléieren, déi hinnen ënnerschiddlech Jobs virstellen a konkret Hëllefsstellunge kënne ginn, ënner anerem wéi si sech optimal op en zukünftegt Virstellungsgespréich kënne virbereeden.

Fir d’Schüler vun de 5èmen huet de Mamer Lycée am Kader vun der “Semaine de l’orientation” zwee Deeg organiséiert, op deene si e breetgefächerte Programm offréiert kréien, fir a Workshops, bei Presentatiounen an Diskussiounen op hir berufflech Zukunft preparéiert ze ginn, erkläert de Gil Belling, Direkter vum Lycée Josy Barthel:

“D’Schüler hunn haut de Moie mat hiren Enseignante sech op haut de Mëtteg virbereet nach eng Kéier, hunn hir Dokumenter duerchgekuckt, hu gekuckt, ob se alles prett hätten. An elo am Plenum hei banne si fënnef Entreprisen, déi sech fir d’éischt eng Kéier grob virstellen. Duerno ginn déi fënnef Entreprisen an eenzel Säll, wou dann d’Schüler jee no hirem Interessensgebitt bei eng Entreprise ginn an do eebe méi am Detail nach Froe kënne stellen, sech virstelle kënnen an übe kënnen, fir herno, wann et dann eescht gëtt, a se wierklech virun ee Patron ginn a fir eng Léierplaz oder fir eng Stageplaz kandidéieren.”

An de Schoule géing een d’Schüler ewell op d’Aarbechtswelt virbereeden. Et wier awer wichteg, déi Jonk aus hirem gewinnten Ëmfeld erauszehuelen an en éischte Kontakt mat Patronen ze erméiglechen, fir dat Ganzt och eemol an der Praxis ze gesinn, sou nach den Direkter vum Mamer Lycée. Haut wier ee frou, jonk ze sinn, d’Orientéierungshëllef wier haut vill méi present wéi nach viru Joren, seet de Michel Welter. Hien ass Patron vun engem Elektriker-Betrib an huet d’Schüler op Virstellungsgespréicher virbereet.

“Ma ech mengen et geet haut drëms, dass si en Androck kréien. Vill wëssen net, wat op si duerkënnt. Vill wëssen net, wat an engem Betrib geschafft gëtt, wéi dat geet, wéi dat ofleeft an dat si flott Momenter, wou ee mat de Schüler ka verbréngen, fir hinnen eemol ze weisen: wéi leeft dat an engem Betrib of. Wéi muss ee sech undoen, wéi muss ee schwätzen, wéi muss een sech presentéieren, wéi sinn déi éischt Andréck etc., etc.”

Et géing ënnert anerem och dorëms, de Schüler d’Angscht ze huelen an hinne méi Vertrauen a Motivatioun ze ginn, fir sech bei engem Patron anstänneg virzestellen. Ob am Paltong, Hiem oder Polo, d’Schüler hu sech fir dësen Dag besonnesch gutt ugedoen an huelen dës Geleeënheet ganz seriö. Dat héiert een an den Aussoen eraus:

“Les stages, ça peut aider pour découvrir le monde du travail et si on va vraiment aimer ce travail là. Je suis un peu surpris qu’ils sont tous préparé. Ils ont mis tellement d’effort pour qu’on a un travail, pour qu’on sait quoi faire. Parfois on est perdu, on se sent un peu bloqué, on sait pas quoi faire, mais là on découvre bien, on sait comment se débrouiller dans un monde de travail avec un stage.”

“Ech wëll heimat e Stage fannen, zum Beispill als Bauzeechner oder am Beräich vum Elektriker.”

All Joer kréie Schüler Stagen an den eenzelen Entreprisen ugebueden, Verschiddener kréien esouguer eng Léierplaz proposéiert.

E Mëttwoch geet et fir d’Schüler da weider mat der Beruffsorientéierung. Dës zwee Deeg am Mariendall ginn an enker Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO