Fir ee besseren Iwwerbléck doriwwer ze hunn, wou et zu Lëtzebuerg méi haart ofgeet, huet d’Ëmweltverwaltung rezent déi neisten “Kaméidiskaarten” publizéiert.
Wann een iwwert ee längeren Zäitraum Kaméidi ausgesat ass, kann dat negativ Repercussiounen op d’Gesondheet hunn. Dowéinst wier et wichteg ze wëssen, op wéi enge Plazen am Land dat de Fall ass. D’Isabelle Naegelen schafft bei der Ëmweltverwaltung an erkläert, wéi déi nei “Kaméidiskaarten” opgebaut sinn.
“Et ass ee Peegel virginn, wou der dann och bei de Kaméidiskaarte gesitt, wann der se um Geoportail kucke gitt. Dat ass een Faarf-Code, dat ass eng Skala, déi am Fong bei 55 Dezibel ufänkt an da bis iwwert 70, 75 Dezibel erausgeet. Do kann een dann a 5 dB-Schrëtt kucken, wou een an der Expositioun drun ass. An déi Kaarte weisen och den Expositiounsniveau, wou een innerhalb vun engem Joer exponéiert ass.”
D’Donnéeë vun deenen neie Kaarte sinn aus dem Joer 2021, déi al waren nach vun 2016. Wéi fréier goufe Kaarte fir déi wichtegst Stroossen, d’Zuchlinnen an de Fluchhafen erstallt. Nei ass iwwerdeems, datt nieft der Agglomeratioun Lëtzebuerg eng Agglomeratioun Süden dobäikomm ass, déi aus 10 Gemenge besteet. Och den Tram gouf fir d’éischt analyséiert.
“Den Tram ass eigentlech als Public transport an der Agglomeratioun consideréiert ginn, en ass net fir de Schinneverkéier, eppes wat iwwert déi 30.000 Passagë pro Joer geet. Sou datt den Tram am Fong kartographéiert ginn ass, fir d’Gesamtbild vun der Agglomeratioun ze vervollstännegen. Den Tram ass u sech lo aus der Pertinenz vun de Kaméidissourcen net ënnert deenen éischte problematesche Sourcen.”
Ma op villen anere Plaze géif een awer Handlungsbedarf gesinn. Wou genee kéint een aktuell awer nach net soen. Kloer wier awer, datt Kaméidi, deen duerch Industrie entsteet, an éischter Linn an der Agglomeratioun Süde wier. Aktuell schafft d’Ëmweltverwaltung mat aneren Administratioune wéi Ponts et chaussées oder den CFL un neien Aktiounspläng mat konkrete Mesuren. Dës solle bis Enn des Joers virleien.
Publication de cartes de bruit actualisées pour le Luxembourg (12.03.2024) | |
| |
| |
L’Administration de l’environnement a publié les cartes de bruit stratégiques actualisées, conformément au quatrième cycle de la directive européenne sur le bruit ambiant. Les cartes, qui sont mises à jour tous les cinq ans, permettent de visualiser l’exposition au bruit autour des sources primaires: grandes routes, lignes de train, aéroport et de façon plus générale les agglomérations de la Ville de Luxembourg et l’agglomération du Sud. Les cartes de bruit stratégiques sont utilisées pour caractériser l’environnement sonore existant et pour identifier les zones prioritaires de gestion du bruit à assainir. Ceci en vue d’élaborer des plans d’action pour lutter contre le bruit ambiant et pour la planification de l’aménagement du territoire communal afin de prévenir, réduire ou limiter les effets du bruit à long-terme sur la population. Par rapport aux dernières cartes de 2016, de nouvelles sources de bruit ont été ajoutées: le bruit du tramway, le bruit industriel et l’agglomération Sud, regroupant les communes de Käerjeng, Pétange, Differdange, Sanem, Mondercange, Esch-sur-Alzette, Schifflange, Kayl/Rumelange, Dudelange et Bettembourg. Les cartes de bruit sont calculées à l’aide d’un logiciel spécifique de modélisation acoustique, sur la base de données relatives aux sources de bruit et en appliquant la nouvelle méthodologie standardisée CNOSSOS établie au niveau européen afin d’assurer une plus grande uniformité. Les cartes de bruit actualisées sont disponibles sur le Géoportail. Informations complémentaires: Au Grand-Duché de Luxembourg, les cartes stratégiques de bruit sont établies pour les infrastructures suivantes:
Pour en savoir plus:
Références légales:
|