2 alkoholiséiert Chauffere gestopptOp Felgen am Zickzack duerch Péiteng an a geparkte Ween geknuppt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, hu si an der Nuecht op e Sonndeg zwee Mol missen an den Asaz, well Zeien alkoholiséiert Automobiliste gemellt haten.

Géint 00.50 Auer hat en Zeien d’Police informéiert, zu Péiteng an der Lonkecher Strooss hannert engem Auto ze fueren, deen deels just nach op de Felgen ënnerwee wier. E géif och am Zickzack fueren. An der Rue Michel Rodange huet den Zeien dunn och nach gesinn, wéi de Chauffer vum Won an zwee geparkte Gefierer geknuppt a weidergefuer ass.

Kuerz drop huet eng Policepatrull de gemellten Auto lokaliséiert a gestoppt. Dee war nawell beschiedegt, wéi d’Police an hirem Bulletin präziséiert. De Chauffer wier och därmoosse stark alkoholiséiert gewiescht, dass e bal net méi stoe konnt. Am Ganze goufe véier Gefierer beschiedegt. De Mann krut de Fürerschäin ewechgeholl an e Protokoll.

Chauffer zu Esch konnt net méi fueren

Ee weidere staark alkoholiséierte Chauffer ass géint 4.30 Auer engem Sécherheetsbeamte vun enger Tankstell an der Rue d’Audun zu Esch opgefall. Dësen hätt Probleemer gehat, säin Auto ze steieren. Wéi de Beamten dem Mann hëllefe wollt, ass dësen aggressiv ginn.

D’Police gouf geruff an et huet sech erausgestallt, dass de Chauffer guer net méi amstand war, nach ze fueren. Och hie war säi Permis lass a krut e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO