Siwe Virfäll wéinst Alkohol um SteierOp Géigespuer geroden an a Policewon gerannt a Permis fort no engem Platten

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, waren en Donneschdeg nawell vill Chaufferen ënnerwee, déi sech an hirem Zoustand net méi hätte sollen hannert d'Steier sëtzen.
© RTL Archivbild

Géint 17.40 Auer koum et an der Rue Grande-Duchesse Charlotte zu Miersch zu engem Accident. Op der Plaz huet sech erausgestallt, dass op der Kräizung mat der Rue Emmanuel Servais en E-Scooter an en Auto sech ze pake kruten. De Chauffer vum Scooter koum no enger Éischtversuergung an d’Spidol a beim Automobilist gouf en Test gemaach, dee positiv war. De Permis war fort an et gouf e Protokoll.

Do virdrun, um 16.40 Auer, ass zu Beetebuerg en offensichtlech alkoholiséierte Chauffer an der Lëtzebuerger Strooss opgefall, dee mat sengem Won, bei deem d’véier Winkeren u waren, op engem Parking stoung. De Mann huet net just däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum opgewisen, hien hat och schonn e Fuerverbuet. Wéi hien dunn och nach net méi kooperéiert huet, huet d’Police hien an Arrest geholl an op Uerder vum Parquet gouf et nach e Protokoll dobäi.

An der Nuecht op e Freideg ass eng Patrull um Verluerekascht op e Gefier opmierksam ginn, dat mat ze héijer Vitess ënnerwee war. D’Gefier gouf gestoppt a bei der Kontroll hunn d’Beamten de Geroch vun Alkohol an Uecht geholl. No engem positiven Otemtest krut de Chauffer e Fuerverbuet ausgestallt.

Ee weideren Accident duerch Alkohol gouf et zu Diddeleng. An der Rue Jean Simon war een Auto op d’Géigespuer geroden a krut do en aneren Auto ze paken. Pech just, dass dat e Policeauto war. Kengem ass eppes geschitt, ma de Chauffer krut no engem Alkoholtest de Permis ofgeholl an e Protokoll.

An et geet monter weider. An der Rue des Peupliers zu Hamm gouf en Auto gemellt,bei deem de Motor nach u war. De Chafer huet hannert dem Steier geschlof a gouf vun der Police wakereg gemaach. Géint 03.40 Auer ass eng Patrull an der Stad engem Cahuffer hannendru gefuer, deen duerch Rout ofgebéit war. A béide Fäll war Alkohol am Spill an et gouf protokolléiert. Um 6 Auer e Freideg de Moien ass dann nach eng Patrull geruff ginn, well op der A1 en Auto en panne géing stoen. Och hei hat de Chauffer duebel Pech, wéinst engem Platte krut hien nämlech um Enn, no engem positiven Alkoholtest, e provisoresche Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO