Belsch-Lëtzebuerger GrenzregiounOp lokalem Plang nei Dynamike schafen

Jeannot Ries
26 Gemengen aus Lëtzebuerg an 19 aus der Belsch sollen an Zukunft op lokalem Plang nach méi enk zesummeschaffen.
Op lokalem Plang nei Dynamike schafen
26 Gemengen aus Lëtzebuerg an 19 aus der Belsch sollen an Zukunft op lokalem Plang nach méi enk zesummeschaffen.

E Schrëtt, deen op der Hand läit, wann ee bedenkt, datt zum Beispill ronn 70% vun der aktiver Populatioun vun Arel, hei am Land schafft.

Landesplanung a Mobilitéit, ëffentlech Déngschtleeschtunge wéi d’Gesondheetswiesen, d’Biodiversitéit, déi lokal Wirtschaft, Sport, Kultur an Tourismus, dat sinn d’Beräicher déi zeréckbehale goufen. Fir nei Projeten zu Gonschte vun iwwer 310.000 Bierger, op béide Säite vun där 148 Kilometer laanger Grenz, déi an den Ae vu lokale Politiker am Alldag just e Stréch op der Landkaart ass.

“Nos économies sont interdépendantes. Nos travailleurs franchissent quotidiennement la frontière. Nos entreprises et nos citoyens collaborent. C’est pourquoi que les programmes Interreg et ZFT ne sont pas qu’un simple outil de coopération. Ils sont une réparation historique, une façon de recréer ce qui autrefois était naturellement.” sou de Jeff Gangler, Buergermeeschter vu Bauschelt.

5 Projete goufen an enger éischter Phas zeréckbehalen.

D’Stäerkt vun de Projeten, déi mat 8,1 Milliounen Euro vun der Europäescher Kommissioun kofinanzéiert ginn, ass d’Proximitéit zu de Bierger. Wéi tëscht Nidderälter a Klengbetten, wou mat enger Vëlospist vu ronn 4 Kilometer, déi sougenannt douce Mobilitéit ënnerstëtzt soll ginn.

© Jeannot Ries

Wéi wann et keng Grenze méi géif, sollen an Zukunft och d’Gesondheetsdéngschter, vu Klinicke bis Soins à domicile, méi enk zesummeschaffen. Den Henri Lewalle vum Observatoire Européen de la Santé Transfrontalière huet e konkreet Beispill aus den Ardennen, mat Bléck op déi franséisch-belsch Grenz.

“A Givet, lorsqu’on a fermé la maternité, la patiente ne pouvais plus accoucher à proximité de son lieu de vie. Elle devait faire une heure et demie de trajet pour pouvoir accoucher. Nous avons ouvert la frontière sur Dinant. Depuis lors on peut considérer que 95% de la population de ce territoire accouche à Dinant.”

Uewenaus bei Wëntger wëll een den Tourismus weider stäerken, andeems de Park Sënnesräich an d’Fräizäit-Experienz Houtopia vun Houffalize zesummen nei Weeër ginn. Tëscht Baaschtnech a Wolz soll déi Zäit nees opbléien, wéi d’Leit aus der Belsch mam Zuch op Wolz an d’Liederfabricke schaffe komm sinn. Op d’mannst eng hallef Dose weider Projete si schonn amgaangen ausgeschafft ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO