
Sam Tanson vun déi Gréng a Stéphanie Weydert vun der CSV, dat sinn d’Co-Rapportricë fir de Large-Scale-Testing an der Budgetskontrollkommissioun. Do goung e Méindeg nach emol iwwert de Spezialrapport vun der Cour des Comptes rieds. Et feelt op ville Ministèren un den néidege Kompetenzen, fir Ausschreiwungen ze maachen. Dat ass den Haaptconstat vun den Deputéierten an dat gëllt also net just fir d’Santé an de Large-Scale-Testing. Dofir seet de Sven Clement vun de Piraten: “datt ee vläicht driwwer sollt nodenken, fir eng Cellule ze schafen, fir Marché Publicen zentral auszeschaffen.”
D’Stéphanie Weydert ass schockéiert festzestellen, datt et a ville Ministèrë keng schrëftlech Prozedure fir d’Validatioun vu Rechnunge géif ginn. An och d’Sam Tanson ass der Meenung, datt wann et eng Begleedung duerch Experte gi wär, verschidde Feeler net geschitt wären.
“Zum Beispill verschidde prozedural Feeler. Oder och d’Ausschreiwung en tant que tel wéi se gemaach ginn ass, Changementer en cours de route vun de marchés publics. Dat wär villäicht alles anescht ugaange ginn, wann et een Accompagnement gehat hätt.”
D’Sam Tanson fënnt, et sollt een de Sujet an der Plenière debattéieren, fir déi richteg Lektiounen ze zéien och en Vue vun de groussen Defense-Ausgaben, déi an Zukunft kommen. De Fred Keup vun der ADR seet:
“T’ass kloer, datt ee villes dovu muss opschaffen, an ech hoffen, datt mer dat dann och kënne maachen. An ech hoffen, datt wa weider Irregularitéiten entdeckt ginn, datt dat déi néideg Konsequenze wäert hunn.”
De Franz Fayot hieft ervir, datt och wa bei de Prozedure vläicht e bësse “gerubbelt” gi wär, d’Cour des Comptes keng finanziell Irregularitéite festgestallt hätt. Deemools, an der Urgence vun der Pandemie, hätt ee mat deene wéinegen Acteuren, déi do waren, misse Solutioune fannen. Un där Situatioun hunn d’Laboratoirë gutt verdéngt, muss och den LSAP-Deputéierten zouginn:
“Do gëtt et natierlech ëmmer en Effet d’aubaine bei esou Marchéen. An dat war warscheinlech och hei net anescht. Dat gesot, wann een d’Chiffere vun deenen dräi Acteure kuckt, dann ass et hinnen allen dräi net schlecht gaangen. Et ass natierlech engem, deen d’Chance hat, den éischte Marché ze kréien, an deen dono a besserer Positioun war, fir déi zwee aner Marchéen ze kréien, extra gutt gaangen.”
Wéi et lo viru geet, doriwwer beréit d’Budgetskontrollkommissioun an enger nächster Sitzung.