
Zu kengem Ament wier d’Openthaltsgeneemegung vum iraneschen Artist Alborz Teymoorzadeh un d’Konditioun gebonne gewiescht, fir vum Kulturministère en Atelier respektiv eng Residenz an der Buerg ze kréien, fir do ze schaffen. Dat äntwert de Kulturminister Eric Thill op eng parlamentaresch Fro vun deene Gréngen.
D’Tatsaach, datt den Iraner no sengem Studium op der Uni.lu seng Openthaltsgeneemegung hei am Land net verlängert krut an zréck a säin Heemechtsland geschéckt gouf, hat jo an der Kulturzeen fir gréisser Kritik gesuergt. Et gouf sech besonnesch un der Erklärung gestéiert dem Artist seng Aktivitéit hätt “keen ekonomesche Wäert” fir d’Land.
D’Servicer vum Kulturministère wieren hei guer net weider agebonne gewiescht, betount den Eric Thill a enger Äntwert op déi nei parlamentaresch Fro. D’Beamte vu sengem Ministère hätte just bei der Direction de l’immigration nogefrot, ob de Mann e valabelen Titre de séjour hätt, fir kënnen en Atelier an der Buerg ze lounen. Dat wier eng Konditioun gewiescht, fir e kompletten Dossier ze hunn, a fir iwwerhaapt kënnen e Kontrakt tëscht dem Staat an dem Artist ofzeschléissen. Well den Alborz Teymoorzadeh keng valabel Pabeiere gehat hätt, wier den Atelier antëscht un en anere Kënschtler verlount ginn.