
Den Auto gouf gestoppt. Den Drogentest beim Chauffer war positiv an et gouf Material fonnt, fir Drogen ze konsuméieren.
Well den Automobilist refuséiert huet, fir e Blutt-Test ze maachen, war e provisorescht Fuerverbuet d’Konsequenz. De Chauffer hat awer souwisou kee Fürerschäin. Den Auto hat keng Assurance, kee Contrôle technique an déi viischt Pneue ware glat.
Am Gefier louch och ee Knëppel.Op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll geschriwwen. Den Auto an aner Objete goufe saiséiert.