Upasse vum MindestlounNom Eclat duerch d'Gewerkschafte stinn d'Zeeche bei de Sozialpartner nees op Konfrontatioun

Roy Grotz
Nom Eclat en Dënschdeg duerch d'Gewerkschaftsunioun bei der Reunioun iwwert d'Upasse vum Mindestloun stinn d'Zeechen tëscht de Sozialpartner nees op frontal Konfrontatioun.
© Envato Shiwork

De fréiere Syndikalist Marc Spautz war ugetrueden, fir de Sozialdialog nees ze relancéieren, mee vun deem Dialog ass lo net méi vill iwwreg, well d’Divergenzen ëm d’Berechnen an d’chiffréiert Hausse vum Mindestloun ze wäit auserneeleien.

Den Aarbechtsminister mécht am spéide Mëttwochnomëtteg Rapport an de Wirtschafts- an Aarbechtskommissioune vun der Chamber, éier dann iwwermuer de Regierungsrot beieneekënnt - do wäert awer knapps mat enger Decisioun ze rechne sinn, sou datt den uviséierten Timing vum Marc Spautz net méi opgeet.

“Dat ass éischter um Premier ze decidéieren, mir wäerten elo mol e Rapport maachen. Ech hat gehofft, dass virun Ouschtere jiddweree wéisst, wou et géif higoen, well dat wier och fir d’Gewerkschaften an och fir d’Betriber wichteg gewiescht an hire Perspektiven. Dat ass elo net de Fall. Mee dat mécht awer guer näischt, well mir hunn nach Zäit souwuel an der Ëmsetzung vun der Direktiv, mee ech ginn dovun aus, dass mer elo mol eng Diskussioun nächste Freideg wäerten driwwer féieren an dass mer da vläicht e bësse méi spéit nach eng Kéier drop zréckhalen.”

D’Unioun vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL verlaangt eng strukturell Hausse vum Mindestloun op 60 Prozent vum Salaire Médian, wat en Eropsetzen ëm 12 Prozent wier, iwwerdeem an hiren Aen d’Regierung géif op Rechentricken an eng aner Definitioun vum Medianloun zeréckgräifen, fir de Mindestloun net sou vill mussen an d’Luucht ze setzen. Den Aarbechtsminister schwätzt net vu “Rechentricken”, mee vu verschiddenen Approchen.

“Dat ass, well mer véier Approchen hunn. Dir hutt fir d’éischt, wéi mer all Kéiers déi normal Upassunge rechnen, wou einfach d’Entwécklung vun de Salaire mat dran ass. Dat ass déi, wou ech Iech gesot hunn, déi op 3,8 erauskënnt. An da gëtt et och eng, dat ass déi, déi international geholl gëtt. Do geet et drëm wierklech just de Loun u sech. An do gëtt et eng Differenz. An dat ass déi Differenz, déi mer gëschter festgestallt hunn a wou do eng aner Meenung besteet tëschent de Gewerkschaften an dat, wéi mir et bis elo gesinn hunn. Mee wéi gesot, et ass nach keng Decisioun geholl.”

Eng politesch Decisioun ass dem Marc Spautz no also nach net geholl, iwwerdeems d’Fronte vu Gewerkschaften a Patronat diametral ausernee leien - e Kompromëss schéngt kee méi ze fannen - den CSV-Minister bedauert dann och zudéifst, datt en zesummekommen zu Dräi net méiglech ass.

Zanter e Mëttwoch sinn d’Calculle vun der IGSS och public - deemno tabléiert d’Regierung op eng Mindestloun-Hausse vun 175 Euro, iwwerdeem d’Gewerkschaften en Eropsetze vu ronn 300 Euro fuerderen.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO