"Dat wäerte mir esou net nach eng Kéier akzeptéieren"Oppositioun kritiséiert Oflaf vu Sëtzung iwwer d'Logementsmesuren

Pierre Jans
Der Oppositioun ass villes ze vag. A beim Optrëtt vun direkt dräi Ministeren an den zoustännege Chamberkommissioune wäre si net vill méi gewuer ginn.

Mat 40 Mesurë wëll d‘CSV-DP-Regierung de Logementsproblem no an no an de Grëff kréien. D‘LSAP, déi Lénk, déi Gréng an d‘Pirate gesinn déi geplangt Zesummenaarbecht mam Privatsecteur fir abordabele Wunnraum ganz skeptesch.

Logement war thema an der Chamber / Rep. Pierre Jans

40 Mesuren, dräi Ministeren an Deputéierter aus dräi Chamberkommissiounen – awer just annerhallef Stonn Zäit. Dat ass dem Meris Sehovic vun déi Gréng no net akzeptabel.

“Et ass e Skandal, ewéi mir an der Chamber verfuer sinn. Nodeems fir d‘éischt d‘Press all d‘Mesure virgestallt krut, kommen dräi Ministeren an d‘Chamber. D‘Deputéierte kënnen net all hir Froe stellen. De President féiert déi Kommissioun op eng autoritär Aart a Weis. Mir konnten iwwer de Logementsdeel guer net schwätzen. D‘Reunioun huet missen ofgebrach ginn. Dat ass extrem onseriö an de Geck gemaach mam Parlament. Dat wäerte mir esou net nach eng Kéier akzeptéieren.”

D‘selwecht gesäit de Marc Goergen vun de Piraten dat. Och d‘Alexandra Schoos vun der ADR kritiséiert d‘Form vun der Presentatioun. Mat villen Iddie wär hir Partei awer averstanen.

“De Pabeier u sech gesäit super aus. De Pabeier ass gedëlleg. Mir mussen awer kucken, wat ëmgesat ka ginn. Et kënnt ganz vill op d‘Gemengen duer. Mir als ADR begréissen d‘Zesummenaarbecht mat de Gemengen.“

D‘LSAP géif sech dofir awer e Gesetz wënschen, an net just e groussherzoglecht Reglement. D‘Sozialiste sinn och ganz skeptesch, wat déi annoncéiert Zesummenaarbecht mam Privatsecteur fir abordabele Wunnraum ugeet. D’Paulette Lenert:

“Mir plädéieren dofir, dass den abordabele Wunnengsbau an d‘Wunnengen, déi de Staat huet, sollen zu enger sozialer Infrastruktur ginn, déi d‘Allgemengheet och matfinanzéiert. Ma do muss net onbedéngt käschtendeckend geschafft ginn, a scho guer net um Profit orientéiert.”

Den David Wagner vun déi Lénk geet nach méi wäit.

“An engem anere Liewe ginn ech Promoteur well dann ass d‘Liewe wierklech einfach. Dann huet een de Staat zur Verfügung, virop mat dëser aktueller Regierung. Et kritt ee Steierkaddoe gemaach. A lo fänkt et u skandaléis ze ginn. An ech fannen, dass dat en Abus vun ëffentleche Gelder ass.“

Et ass keng Iwwerraschung, dass den Alex Donnersbach vun der Koalitiounspartei CSV dat anescht gesäit.

“Mir mussen nei Weeër goen, fir méi séier méi einfach Logement ze kreéieren. Do kann een net ëmmer weider déi selwecht Weeër aus de leschte Jore goen. Déi nei Iddie mam Privatsecteur sinn en éischte wichtege Schratt. D‘Detailer si wuel och wichteg.”

Ma déi sollen elo an de Chamberkommissiounen ausgeschafft ginn, esou den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach.

Back to Top
CIM LOGO