ChamberOppositiounsparteie reagéieren op Budgetsrapport vum Diane Adehm

RTL Lëtzebuerg
D'Reaktioune bei der Oppositioun an der Chamber waren no der Budgetsried vun der CSV-Deputéierten Diane Adehm ganz verhalen.
Oppositiounsparteie reagéieren op Budgetsraaport vum Diane Adehm
D’Reaktioune bei der Oppositioun an der Chamber waren no der Budgetsried vun der CSV-Deputéierten Diane Adehm ganz verhalen.

RTL-News: Budgetsrapport vum Diane Adehm - D’Finanzplaz misst ausgebaut a Lëtzebuerg en Zentrum fir KI ginn De Fred Keup vun der ADR konnt kee Plang vun der neier Regierung erkennen. “Et ass eigentlech am grousse Ganzen en Non-Event. Et gëtt einfach dat weidergemaach, wat virdrun d’Regierung gemaach huet. Et si vläicht e puer Detailer do, mee am grousse Ganze freet ee sech, wat dat ganzt iwwerhaapt soll. Et ass iergendwéi kee Plang do, keen Zil do fir eist Land. Fir eng Partei, déi ugetrueden ass, fir e Wiessel ze brénge fir eist Land, déi de Leit dat versprach huet, mengen ech, et ass immens enttäuschend. Vläicht ass et och elo wéinst de Walen, déi virun eis stinn, datt een elo näischt wëll maachen.

Den David Wagner vun déi Lénk huet sech no der Diane Adehm hirer Ried gefrot, ob hien an der Chambre de Commerce, amplaz an der Chambre des Deputés gewiescht wier. “Finanzplaz, Finanzplaz, Finanzplaz an herno nach e bësse Finanzplaz. Et huet een den Androck gehat, datt déi heite Majoritéit haaptsächlech eng Partie Reforme wëll maache fir d’Finanzplaz, ënnert anerem fir d’Expats, also Kaderen, déi aus dem Ausland solle kommen, fir déi soll e gudden Environnement hei zu Lëtzebuerg geschaaft ginn. Et soll abordabele Wunnraum geschaaft ginn, et solle Sports- a Kulturinfrastrukture geschaaft ginn – je, mir hunn hei zéngdausende vu Leit hei zu Lëtzebuerg liewen, ob Lëtzebuerger oder net Lëtzebuerger, déi et net ëmmer einfach hunn.” Mee dës Regierung wéilt sech virun allem fir déi asetzen, déi souwisou scho privilegéiert wieren, esou den David Wagner.

No der Rapportrice Diane Adehm hirer Ried, huet d’Sam Tanson vun deene Gréngen zwar der CSV-Deputéiert hir Fläissaarbecht gelueft, mee awer bezweifelt, datt eng Kreditzentral Leit géing hëllefen, déi ze héich verschëlt wieren. “Mir maachen elo eng Schufa, sou eng Analys, wou een herno als Bierger extrem Probleemer kritt, deemno, wat engem seng Virgeschicht ass, wann een dann nach Kontakt mat Banken oder anere Partner wëll hunn. Sou datt dat awer éischter kann en administrativen Opwand ka bedeiten a wierklech Leit Probleemer ka bereeden, eppes, wat ech ganz kritesch gesinn. An dann dat, wat mech politesch e bëssen interpelléiert, souwuel haut erëm, wéi och an hiren Interviewe ronderëm, huet se méi wéi ee Seitenhieb op de Koalitiounspartner ginn. Et muss een drun denken, datt d’DP zéng Joer laang de Finanzministère hat.

Dat ass och dem Sven Clement vun de Piraten opgefall. Hien huet et och gestéiert, datt d’CSV déi lescht zéng Joer nei Projete kritiséiert hätt. “An elo sollen déi nämmlecht Projeten dat beschte sinn, säit geschnidde Brout. Iergendwéi ass et scho gutt, datt mer Technologien hunn hei zu Lëtzebuerg wéi de Videobeweis, déi op déi Inkoherenze vun der CSV kënnen hiweisen. Et ass och e bësse krass, muss ee bal soen, wann hei ee Koalitiounspartner deem anere virwërft, déi lescht zéng Joer näischt geleescht ze hunn. Well dat huet d’Mme Rapportrice jo och nach haut ënnerbruecht. A ganz um Schluss, déi Iddi do vun engem Lëtzebuerger Credit Scoring, deen esouwuel den Dateschutz, wéi och d’Bankgeheimnis soll respektéieren. Datt ass esou probabel, wéi datt d’Waasser de Bierg opleeft.

Bei der Taina Bofferding vun der LSAP war et déi nämmlecht Klack. Si huet bedauert, datt virun allem iwwert d’Finanzplaz rieds goung, mee d’CSV soss net vill politesch Accente gesat hätt. “Kee Wuert iwwer d’Sozialpolitik. Just ee Stéchwuert: D’Aarmutsbekämpfung gouf jo als grouss Prioritéit vun dëser Koalitioun héichgehalen. Kee Wuert doriwwer. Ganz kuerz hu mer eppes héieren iwwert d’Iwwerverschëldung. Dunn hunn ech geduecht: ‘Ok, lo komme mer endlech eriwwer zur Sozialpolitik.’ Da gëtt gesot, datt dat en Tabu ass – absolut, an der Gesellschaft gëtt net gären driwwer diskutéiert - keng eng Solutioun. Et ass just gesot ginn, datt d’Education financière lo als Obligatioun an der Schoul stattfannen an dat war et lo.

De Mëttwoch de Moie geet et an der Chamber mat den Debatte ronderëm de Budget virun.

Back to Top
CIM LOGO