3G op der AarbechtsplazOrganisatioun beim Testing

Lynn Cruchten
Wéi grouss war d'Nofro e Sonndeg am Test-Zenter zu Leideleng a wéi kréien ënnert anerem d'Laboen déi ganz Aarbecht gestemmt? Deene Froe si mir nogaangen.
3G op der Aarbechtsplaz: Organisatioun beim Testing
Wéi grouss war d’Nofro e Sonndeg am Test-Zenter zu Leideleng a wéi kréien ënnert anerem d’Laboen déi ganz Aarbecht gestemmt? Deene Froe si mir nogaangen.

Et ass net nei, dass d’Kapazitéiten, fir Corona-Tester ze realiséieren hei zu Lëtzebuerg, knapp sinn. Mam obligatoreschen 3G-CovidCheck op der Schaff kënnt op d’Laboen an déi, déi soss nach Tester dierfen zertifiéieren, awer nach zousätzlech Aarbecht duer. Dofir huet ee mëttlerweil plazeweis d’Méiglechkeet, och um Sonndeg Schnell- a PCR-Tester maachen ze loossen.

De Manktem u Preleveuren ass de Weekend manner komplizéiert wéi an der Woch, well een op Mataarbechter aus der Réserve sanitaire kann zréckgräifen. Och d’Testzentere vun der Arméi sinn um Weekend op. Déi sti jo deenen Employéen zur Verfügung, déi bis dato ee Mol geimpft sinn. Mat Voucher an op Rendez-vous kënne si hei all Dag bis zu hirer zweeter Impfdosis gratis e Schnelltest maachen, dee 24 Stonne gülteg ass.

Vill vun den Employéen, deenen RTL um Sonndeg begéint ass, hu sech eréischt no der Annonce vum obligatoresche CovidCheck op der Schaff fir d’Impfung entscheet. Si hätt sech deemno gezwonge gefillt, sech impfen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO