Fräi PressOSZE-Vertriederin fir Pressefräiheet begréisst Lëtzebuerger Initiativ

Serge Pauly
E Freideg de Moie war d'Teresa Ribeiro, d'OSZE-Vertriederin fir d'Pressefräiheet, op offizieller Visitt an der Lëtzebuerger Chamber.
Lëtzebuerger Initiativ fir Pressefräiheet begréisst
E Freideg de Moie war d’Teresa Ribeiro, d’OSZE-Vertriederin fir d’Pressefräiheet, op offizieller Visitt an der Lëtzebuerger Chamber.

D’Deputéiert beschäftege sech an dëse Wochen intensiv mam Thema “fräi Press”. De leschten Donneschdeg gouf eng Resolutioun fir méi Pressefräiheet eestëmmeg ugeholl. D’Teresa Ribeiro, d’OSZE-Vertriederin fir d’Pressefräiheet, war wéi gesot op offizieller Visitt um Krautmaart.

D’Madamm Ribeiro begréisst d’Lëtzebuerger Initiativen, déi eng fräi Press stäerke sollen, well international géif den Drock op Journalisten ëmmer méi grouss ginn. Net nëmme staatlech Institutiounen oder Firme géifen d’Pressefräiheet menacéieren, mä och d’Mësstraue vum Public an d’Medie géif vu verschiddenen Acteure bewosst verstäerkt ginn.

Extrait Teresa Ribeiro

Back to Top
CIM LOGO