
D’OEE wëll sech fir d’Rechter an d’Interessie vun de Chargéen, souwuel am Fondamental, wéi och am Secondaire, asetzen. “Ouni eis Chargéeë leeft de Buttek net. Weder am Fondamental nach am Secondaire”», huet d’Presidentin vun der OEE, d’Edmée Zirves ënnerstrach. Si selwer schafft zanter 27 Joer als Chargée. Eng vun den Haaptfuerderunge vun der Organisatioun ass, dass dës Beruffsgrupp méi Sécherheete kréie soll. “An hei ass ganz kloer net d’Pai um Enn vum Mount gemengt”, huet d’Edmée Zirves betount. Et géing dorëmmer goen, dass ëmmer nach vill ze dacks d’Chargéë géinge vun engem CDD an deen nächste geschéckt ginn. Ma och als Chargé bräicht een eng Konstanz a misste wëssen, wou een an den nächste Jore schaffe géing. E weidert Uleies ass och d’Transparenz. Hei geet et ëm d’Anciennetéit vun de Chargéeë an d’Fro, wou jidderengem seng Plaz an der Réserve des suppléants ass.

Et wëll ee sech an Zukunft och mat sengen Doleancen un den Educatiounsminister Claude Meisch riichten. Wouriwwer een am Detail wëllt schwätzen, wollt een awer nach net verroden.
Domat ass d’OEE elo eng vun iwwer 65 Ënnerorganisatioune bei der CGFP. De Generalsekretär Steve Heiliger huet dës an der Famill vun der Gewerkschaft begréisst a sech doriwwer gefreet, dass ee kéint der Komplexitéit vun den Ufuerderunge vun alle Chargéë besser gerecht ginn. Bis elo goufen dës vun der AEE, der Association des employés de l’Etat vertrueden.
D’Edmée Zirves huet nach drop higewisen, dass 15 Prozent vun allen Enseignanten am Fondamental Chargéë wieren. Am Secondaire wier et esouguer een Drëttel. Ëm wéi vill Leit et sech jeeweils genee géing handelen, konnt si awer net soen. Ma et wieren der jeeweils bestëmmt iwwer 1.000, sou hir Schätzung.
Weider Detailer sinn op www.oee-luxembourg.com ze fannen.