A verschiddene Geschäfter verkaaftPanini vun der Mark Jacquet kéint Metallstécker enthalen

RTL Lëtzebuerg
D'Iesse kéint Metallstécker enthalen. Wann dës giess ginn, kënnen eng Erstéckungsgefor an ënnerlech Blessuren net ausgeschloss ginn.

Wéi d’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire e Freideg matdeelt, gëtt de Produit “Panini nature x4" vun der Mark Jacquet aus de Regaler geholl.

De Produit gouf a verschiddene Geschäfter am Land verkaaft. Et kann iwwerdeems och sinn, datt verschidden Distributeuren dëse Produit als hir Eegemark verkaaft hunn. Sollte weider Informatioune bekannt ginn, wäerten dës iwwert de Site www.securite-alimentaire.lu matgedeelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO