
Bis haut streit hien d’Faiten awer of.
De Parquet hat 24 Joer Prisong mat eventuell engem Deel dovunner Sursis probatoire gefrot. Zu den Oplage sollt zielen, dass den Ugekloten eng Therapie misst maachen. Dëst gouf och am Urteel festgehalen.
D’Faite ginn op eng Zäit tëscht 2015 an 2023 zeréck. Den Ugekloten hat seng zwou Duechteren, déi 9 an 12 Joer al waren, ënnert anerem un der Broscht an tëscht de Been ugepak, respektiv se opgefuerdert, hien oral ze befriddegen.
Eréischt Joren, nodeems si net méi Affer vun den Iwwergrëff vun hirem Papp war, hat eng vun de Frae vun haut 19 Joer de Courage fonnt, bei d’Police ze goen. Dëst nodeems si erausfonnt hat, dass och hir jonk Schwëster géing mëssbraucht ginn.
Parquet fuerdert 24 Joer Prisong: Papp soll seng zwou Duechtere mëssbraucht hunn (5.2.25)