800 zousätzlech ParkplazenParken um Flughafe soll méi entspaant ginn

Fanny Kinsch
De Flughafen ass am Wuesstem. Dëst Joer wäert d'Grenz vu 5 Millioune Passagéier eng éischte Kéier iwwerschratt ginn.
Parken um Flughafe soll méi entspaant ginn
De Flughafen ass am Wuesstem. Dëst Joer wäert d’Grenz vu 5 Millioune Passagéier eng éischte Kéier iwwerschratt ginn.

Bis 2030 rechent eleng d’Luxair mat 3 Millioune Passagéier. Ob de Findel deem gewuess ass, gouf rezent a Fro gestallt. Ënnert anerem vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar, deen de Parking um Flughafen an enger Chamberfroestonn als eenzeg Katastroph bezeechent huet. D’DP-Mobilitéitsministesch huet dozou gesot, datt d’Zuel vu Parkplazen an de leschte Joren zwar proportionell liicht méi gewuess ass, wéi déi vu Passagéier, datt awer nach “Loft no uewe” wier.

De lux-Airport-Generaldirekter verweist am RTL-Interview op 800 zousätzlech Parkplazen, déi dës Woch bäikomm sinn. Domat sollten d’Parkplazenenkpäss, déi et a Stousszäiten nach géinge ginn, der Vergaangenheet ugehéieren. 15 Prozent vun de Parkplaze gi fräigehale fir Leit, déi ouni Reservatioun kommen. De Flughafe recommandéiert awer, de Parking direkt mam Vol ze buchen, wann ee sécher eng Plaz kréie wëll.

Et hätten awer och reegelméisseg Fluchgäscht Schwieregkeeten, mat hirer Reservéierung an de Parking eranzekommen, sou den Alexander Flassak: “Da können wir nur empfehlen, die Anleitungsvideos noch einmal anzusehen, der Barcode muss immer nach oben, muss gegen Himmel gerichtet werden […] und wenn das nicht funktioniert, bitte kein Ticket ziehen sondern lieber noch mal beim Service nachfragen.”

D’Passagéier sollten op alle Fall plangen, zwou Stonne virum Vol um Flughafen ze sinn. Fir vum Parking direkt beim Flughafen erofzefueren, brauch een aktuell deels och méi Gedold. Dat géinge souwuel d’Mataarbechter, wéi och d’Passagéier all Dag gesinn. “Im Moment ist der Kreisverkehr der Engpass, durch die ganzen Baustellen, durch die Ampelanlagen, die noch hinzukamen, die Trambaustelle. Wir freuen uns auf der einen Seite sehr über die Tram, die dann Anfang nächsten Jahres den Flughafen andienen wird, aber im Moment haben wir wirklich durch die ganzen Baustellen, das Boulevard Hoehenhof, die Trambaustelle relativ viel Verkehr, gerade zu Stoßzeiten.”

Luxair gesäit sech prett fir de Summer

D’Haapt-Airline um Flughafen, déi d’Hallschent vun de Passagéier transportéiert, ass mat der Organisatioun zefridden. Um éischte Vakanzeweekend d’lescht Woch wieren 38.000 Passagéier mat Luxair geflunn. Dat wier e gudden Indicateur fir de Summer, seet de kommerziellen Direkter vun der Airline Thomas Fischer, an do hätt ee keng Problemer gehat. “Man sieht natürlich die Baustellen, die aktuell vorhanden sind, das ist für jeden ersichtlich, aber das ist auch nur temporär. Wir haben keine besondere Probleme wahrgenommen von unseren Kunden oder von unseren Leuten am Flughafen und wir gehen davon aus, dass es für diesen Sommer auch zu keinen kommen wird.”

Duerch d’Sécherheetskontroll géing een haut méi séier kommen, wéi virun zwee Joer nach. Wéi d’Mobilitéitsministesch an der Chamber zitéiert hat, bréichten aktuell 75 Prozentvun de Passagéier manner wéi 5 Minutten a 95 Prozent manner wéi 15 Minutte fir duerch dKontroll. Nom Summer sollen dWaardezäiten och nach méi iwwersiichtlech ginn, sou den Alexander Flassak: Wir werden auch übrigens zur Erleichterung noch mal zur Orientierung Displays aufstellen, wo die Wartezeiten angezeigt werden, damit man auch die Orientierung hat, welche Linien man am Besten nimmt, wo es am Kürzesten dauert. Das wird nach dem Sommer installiert.”

D’Luxair rechent domat bis 2030 vun 2,5 Milliounen op 3 Millioune Passagéier ze wuessen. Aktuell géing ee virun allem am Joer e Wuesstem u Passagéier gesinn, wärend een am Summer schonn historesch héich ausgelaascht war. An der éischter Hallschent vum Joer sinn 1,2 Millioune Leit mat Luxair geflunn, 10 Prozent méi wéi dat Joer virdrun.

Um Flughafe rechent een allgemeng mat engem liichte kontinuéierleche Wuesstem, deen een awer ëffentlech net méi genee chiffréiere wëll. De Flughafe kéint dat awer assuréieren, verséchert de Generaldirekter Flassak. “Wir haben noch Möglichkeiten im Terminal zu optimieren, aber natürlich auf Sicht, und das hat die Ministerin ja auch in ihrer Antwort entsprechend erwähnt, ist natürlich der Ausbau des Flughafens unvermeidbar. Aber wir wollen uns dem Wachstum ja auch stellen, wir wollen die Infrastruktur bereitstellen, die erforderlich ist, aber es gibt - und das wird man dann nach diesen Sommerferien oder auch nächstes Jahr sehen - es gibt noch Anpassungsmöglichkeiten, Optimierungsmöglichkeiten im Gebäude. Es werden einige Funktionen in den Skypark ziehen, das heißt wir haben dann Flächen frei, die wir den Passagieren zur Verfügung stellen können.”

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO