PoliceParkplaze ronderëm de Stauséi nees komplett besat

RTL Lëtzebuerg
Ronderëm de Stauséi war um Sonndeg nees eng méi lass. Wéi d'Police géint 13 Auer gemellt huet, waren déi Parkplazen, fir déi ee muss bezuelen, all besat.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

Visiteure waren dozou opgeruff, déi gratis Parkingen op der N27 bei Ënsber oder Lëlz ze benotzen. Ma och déi ware géint 16 Auer komplett besat. D’Police hat deemno den Opruff gemaach, d’Géigend vum Stauséi z’evitéieren a mam ëffentlechen Transport dohin ze kommen.

D’Police erënnert op där Plaz dann och nach emol dorun, datt Autoe just op agezeechente Parkplazen dierfen ofgestallt ginn a virun allem op kee Fall d’Zoufaarten fir Ambulanze blockéieren dierfen.

Weider Informatiounen zum Verkéier ronderëm de Stauséi huet d’Police hei zesummegestallt.

Back to Top
CIM LOGO