Méiglech Verstéiss géint Anti-BlanchimentsgesetzParquet ermëttelt an der Caritas-Affär géint zwou Banken

RTL Lëtzebuerg
An der Affär Caritas leeft beim Parquet eng preliminär Enquête géint zwou Banken, dat am Kader vu vu méigleche Verstéiss géint d'Anti-Blanchimentsgesetz.
© François Aulner

Am August hätt et scho Perquisitioune bei der Spuerkeess an der BGL BNP Paribas ginn, mellt e Mëttwoch de Moien d’Onlineplattform reporter.lu. Gréisser Detailer ginn et vu Säite vun der Justiz awer net, well eben eng Enquête leeft. Och d’CSSF an d’europäesch Zentralbank sinn amgaangen, deem Ganzen nozegoen.

Et geet drëms, am Kader vum Anti-Blanchimentsgesetz erauszefannen, wéi bei béide Banke ganzer 125 Viremente bannent just sechs Méint konnte gemaach ginn. D’Viremente ware vu jeeweils méi wéi enger hallwer Millioun Euro un déi spuenesch BBVA-Bank.

Back to Top
CIM LOGO