
25 Joer feste Prisong, de Gros dovunner ouni Sursis. Dat fuerdert de Procureur am Fall, wou eng Fra zu Heeschpelt hire Mann am Februar 2022 mat engem Hummer ëmbruecht hat. Hien huet a sengem Requisitoire déi ausseruerdentlech Grausamkeet a Kalbliddegkeet ervirgehuewen. Wärend hire Mann dout am Keller louch, huet déi Ugekloten hiert Liewen nach Deeg a Wochen normal weider gelieft.
A wéi wäit ass déi Ugekloten, déi ënner enger Schizophrenie leit iwwerhaapt voll scholdfäeg? Dorëmmer goung et och um drëtten a leschten Dag vum Prozess, bei deem eng Fra wéinst Mord un hirem Mann ugeklot ass. Den 13. Februar 2022 huet si hire Mann mat engem Hummer erschloen, wärend dësen Tëlee gekuckt huet. Dono huet se en an den net geheizte Keller geschleeft, wou e wuel op d’mannst 24 Stonnen drop verstuerwen ass. Eréischt eng 3 Woche méi spéit gouf d’Police op de Fall opmierksam an huet d’Fra festgeholl. Si hat ausgesot, hire Mann hätt se virdru mat engem Messer menacéiert gehat a se permanent vernannt.
Virum Riichter sot déi Ugekloten, si hätt hir Medikamenter net gehat. Soss wier si sécher einfach fortgaangen, nodeems hire Mann si menacéiert hat. Si hätt hien nämlech net wollten ëmbréngen, mee kéint et elo net méi réckgängeg maachen. Si wier krank. Hire Mann hätt si krank gemaach, nodeems si gesond op d’Welt komm wier. Do wou si war, hätt kee méi mat hir geschwat, hätt kee si eescht geholl. D’Wierder vun der Fra ginn ëmmer méi ondäitlech a si fänkt u mat kräischen.
Och den Affekot vun der Ugekloten huet op hir Krankheet higewisen. Et kéint een net soen, wat objektiv Realitéit wier a wat Halluzinatioune vun der Fra. Als Beispill nennt hien d’Menace mam Messer oder, dass hire Mann, dee staarken Alkoholiker war, si permanent vernannt hätt. Zeie géingen et schliisslech keng ginn. Schonn 2017 war d’Fra wéinst hirer psychescher Erkrankung fir méi laang an enger Psychiatrie an Däitschland behandelt ginn. Den Affekot freet e gerecht Urteel wéinst de spezifeschen Ëmstänn vum Fall. Seng Mandantin soll dofir net an de Prisong kommen, mee an eng Psychiatrie agewise ginn.
De Procureur weist nach eng Kéier op de Rapport vum Expert-Psychiater hin. Dësen hätt der Ugekloten zwar eng reduzéiert Scholdfäegkeet zougewisen, mee keng Ophiewung vun dëser. Hie géing bis haut keng wierklech Regrete bei der Fra erkennen, wat d’Dot ugeet.
D’Urteel gëtt de 16. Januar gesprach.