
Et sollen Ännerungen um Lëtzebuerger Walgesetz kommen, doriwwer si sech all d’Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, eens. Enn Abrëll hat de President vun der parlamentarescher Institutiounekommissioun Laurent Zeimet dowéinst an der Plenière eng Resolutioun agereecht, an där proposéiert gouf, déi entspriechend legislativ Texter unzepassen.
Doropshin goufen déi verschidde politesch Sensibilitéiten an engem Schreiwes vum Chamberpresident Claude Wiseler opgefuerdert, hir Proposen eranzereechen. De Stéchdatum war am Fong den 31. Oktober.
Ma den Delai wäert awer verlängert ginn, well bis elo huet nach keng vun deene siwe Parteien, déi am Parlament vertruede sinn, hir Propositiounen erageschéckt. Dat krut RTL vum Generalsekretär vun der Chamber Laurent Scheeck op Nofro hi confirméiert.