
2023 war et seng drëtt Kandidatur an de Gemengewalen an déi éischte Kéier, datt ee Pirat et an de Stater Gemengerot gepackt hat. De Papp vum Piraten-Deputéierte Sven Clement hätt seng Aarbecht am Gemengerot mat “vill Enthusiasmus an Devouement” geleescht, heescht et am Communiqué vun de Piraten.
Dem Pascal Clement seng Successioun iwwerhëlt déi 61 Joer al Marie-Marthe Muller, déi an de leschte Gemengewale Co-Spëtzekandidatin an Zweetgewielt war. D’Pirate krute bei de Gemengewale knapp 5 Prozent vun de Stëmmen.
