Dat seet d’Patientevertriedung. A bréngt nees eng Zockersteier an d’Spill.
Bedenklech Zuelen am neiste Rapport vum Gesondheetsobservatoire. Hei am Land ass all fënneft Kand iwwergewiichteg.
Grond ass nieft ze wéineg Beweegung natierlech och eng ongesond Ernierung.
D’Patientevertriedung schléit Alarm. A fuerdert eng Mesure, bei där ee sech um Ausland orientéiere kéint. Georges Clees: “A Groussbritannien hu se effektiv eng Zockersteier op Gedrénks agefouert. De But ass awer net, dass d’Saache méi deier ginn. D’Zil ass et, den Zockergehalt erofzekréien.”
Heescht, net de Konsument géif direkt bezuelen, mä de Produzent. D’Britte froen ëmgerechent 21 Cent vu fënnef Gramm Zocker pro Milliliter un. Aus enger Etüd vun der Uni Cambridge geet ervir, dass d’Steier wierkt an d’Obesitéit bei de Jonken erofgoung.
De Georges Eischen ass méi skeptesch. A senge lokale Limonad-Produite wär souwisou scho manner Zocker, dofir awer e planzleche Séissstoff. Georges Eischen: “Mir wollte wierklech net op Chimie goen, well mir och wëssen, dass de Risiko vu méi laangfristege Gesondheetsproblemer grouss ass. Wa mir lo e Gesetz kréien, dat den Asaz vun Zocker méi deier oder komplizéiert mécht, dann ass et wierklech esou, dass vill Liewensmëttelproduzente wäerten op chemesch Séissstoffer zeréckgräifen. Da wär déi Steier kontraproduktiv.”
De Gorges Clees seet: “Dat Bescht wär, wann all d’Séissstoffer manner géife ginn an de Limonaden. De Gros vun de brittesche Produzente soen, dass si zefridde si mat deem, wat si ëmgesat hunn. Si hunn eppes zu der Gesondheet vun de Leit bäigedroen a wéi et schéngt och méi verkaaft.”
Eng Zockersteier ass net fir d’éischt an der Diskussioun. 2017 hat déi deemoleg Gesondheetsministesch Lydia Mutsch iwwer esou eng Mesure nogeduecht. Konkret gouf et ni. Am aktuelle Koalitiounsaccord steet munches iwwer Preventioun, eng Zockersteier um Gedrénks ass net ernimmt.
Och de Georges Eischen ass besuergt iwwer d’Konsumverhale vun de Leit. Iergert sech awer iwwer Virschrëfte wéi déi vun den Emballagen am gesonde Rayon vum grousse Maart, an deem hie Gerant ass. “Wann dat Uebst a Geméis net méi duerch d’Verpackung protegéiert ass, gëtt es och méi ewechgehäit. Dat wäert d’Entwécklung vum Uebst a Geméis an der Consommatioun éischter bremse wéi fërderen. An dann hu mir genee déi Branche vu Liewensmëttel attackéiert, déi am gesondste sinn. Alles wat vill Zocker huet, däerf awer weider verpak sinn.”
Dem Geschäftsmann no wär de Problem mat der ongesonder Ernierung deemno méi komplex ewéi eng Zockersteier op Gedrénks.