MedezintourismusPatientevertriedung warnt viru Risike bei Behandlungen am Ausland

Chris Meisch
Zu Lëtzebuerg decidéiere sech entretemps vill Leit dofir, sech am Ausland vun engem Dokter behandelen ze loossen.
Symbolbild
© RTL-Archiv

D’Grënn dofir leien op der Hand: méi niddreg Käschten, kuerz Waardezäiten oder esouguer ee “Package”, bei deem de Logement an den Transport am Präis vun der Behandlung dra sinn. Dat kann awer séier zu Problemer féieren. D’Patientevertriedung warnt besonnesch virum Medezin-Tourismus, bei deem d’Risiken, de medezinesche Suivi oder déi rechtlech a finanziell Konsequenze fir Patienten dacks ënnerschat ginn.

Patientevertriedung warnt viru Behandlungen am Ausland / Reportage: Chris Meisch

Medezinesch Behandlungen am Ausland sinn am Prinzip kee Problem, seet de Georges Clees vun der Patientevertriedung. Dacks handelt et sech ëm gutt iwwerluechten Decisiounen, zum Beispill wéinst der Distanz, dem Präis oder well d’Behandlung schonn zanter Joren do gemaach gëtt. Esou Fäll gehéieren zu der sougenannter “Patientemobilitéit”. Problematesch gëtt et awer, wa Behandlungen zum kommerzielle Geschäft ginn. Dacks gëtt mat niddrege Präisser a sougenannten “All-inclusive-Offere” gelackelt, ouni datt kloer gesot gëtt, wat geschitt, wann et no der Behandlung zu Komplikatioune kënnt.

“Mir hunn dann eeben och Leit, déi duerno zréckkommen, wou d’Aarbechte schlecht gelaf sinn a wou dann deen Ament net wëssen, wéi se dat erëm riicht béie kënnen. Si ginn dann hei bei den Zänndokter, dee seet ‘Ech maachen do näischt drun’ an da sëtze si mat hirem Problem do, da misste si erëm, eigentlech dann ouni “Package” dohi reesen, wou si virdru waren an zu deene soen ‘Hei bréngt dat an d‘Rei wannechgelift’.”

Dat ass awer net ëmmer esou einfach. Zu Lëtzebuerg sinn d’Dokteren nämlech net verflicht, sech ëm de Suivi oder d’Konsequenze vu Behandlungen ze këmmeren, déi am Ausland gemaach goufen.

“Da misste si erëm zréck an d’Ausland goen, fir do dann op d’Geriicht ze goen, en Expert ze ernennen, an do kënne ganz grouss Folgekäschten opkommen. Virun allem well een eeben och dann éier een en Expert huet, deen dat gekuckt huet, net einfach dru reparéiere ka goen, well soss den Expert net méi ka feststellen, wat schlecht gelaf ass. Zum Beispill den Zänndokter hei seet da ‘Jo ech ginn do net drun, well dann engagéieren ech meng Responsabilitéit, a sou laang wéi dat net eng Expertis festgestallt huet, wien de Problem gemaach huet, ginn ech do net dru fir de Problem ze behiewen’.”

Fir d’Patientevertriedung wier déi optimal Léisung, wann d’Patiente fir ee räsonabele Präis zu Lëtzebuerg bei den Dokter kéinte goen.

“Entweder misst un der Nomenclature geschafft ginn, aktualiséieren, fir datt Saachen, déi den Ament net rembourséiert ginn, géife rembourséiert ginn. Bei anere Saachen den Taux de Remboursement eropsetzen, fir dass d’Leit einfach kéinten hei bei den Zänndokter goen.”

D’Patientevertriedung réit op alle Fall, datt Patiente sech viru Behandlungen am Ausland ganz gutt informéieren. An dat net nëmmen iwwer de Präis, mee och iwwer d’Qualitéit, de medezinesche Suivi an iwwer hir Rechter.

Back to Top
CIM LOGO