Do gouf a Presenz vun 236 Delegéierten de Patrick Dury fir e weidert Mandat vu fënnef Joer als LCGB-President zeréckgewielt. Virun net grad 14 Joer hat hien eng Gewerkschaft iwwerholl, déi sech deemools huet missen nei opstellen. Haut zielt d’Gewerkschaft iwwer 46.000 Memberen.
Den LCGB ass esou staark wéi nach ni virdrun, sot de Patrick Dury um Kongress. An dat an enger usprochsvoller Zäit, wou et eng reegelrecht Attack op déi national Representativitéit vun de Gewerkschafte gouf. Op de Lëtzebuerger Sozialmodell. Wou haut eng speziell Resolutioun um Dësch läit mam Titel: Gewerkschaftsfront fir d’Rechter an d’Sozial Acquise vun de Salariés an de Rentner ze verdeedegen. De Premier a seng Kolleege wieren amgaangen, a verschiddene Beräicher eng Linn ze fueren, déi zu enger Frontalkollisioun mat de Gewerkschafte féiere géif.
“De Front Syndical OGBL-LCGB wäert an den nächste Wochen a Méint d’Salariéen hei am Land informéieren a sensibiliséieren. A wa mir keng Satisfaktioun kréien, da kënnt et net nëmmen zu Aktiounen an der grousser nationaler Manifestatioun den 28. Juni. Da kënnt et doriwwer eraus och zu engem reegelrechte Sozialkonflikt an dësem Land mat, wann et dann néideg ass, engem Generalstreik. ‘’ sou e kämpferesche Patrick Dury.
E Kongress, op deem d’Gewerkschaftsfront d’Muskele spille gelooss huet. Mat der Presenz vun der OGBL-Presidentin Nora Back an hirem Virgänger Jean-Claude Reding an der éischter Rei. Dat gouf et scho laang net méi.
Luef gouf et vum LCGB-President, wat d’Zesummenaarbecht iwwer 10 Joer, mam Premier Bettel ubelaangt. Ganz anescht fält beim Patrick Dury d’Bewäertung vun de 15 éischte Méint vun der Regierung Frieden aus:
‘’Eng Allianz vum Häuptling vun der UEL a sengem Scharfmacher vun der Fédération des Artisans mat engem Premierminister a sengem Aarbechtsminister, déi all Bezuch zur Realitéit a jeegleche Respekt verluer huet virun deene Leit, déi all Dag de Räichtum vun dësem Land mat hirer Aarbecht erschaffen. Dat ass eng Tatsaach.”