Komplikatioune fir FrontalierenPatronat a Gewerkschaften net géint méi Teletravail, mee...

RTL Lëtzebuerg
Teletravail gëtt - fir déi Beruffer, déi et erméiglechen – ëmmer méi gefrot, notamment via eng Petitioun.
Patronat a Gewerkschaften net géint méi Teletravail, mee...
Teletravail gëtt - fir déi Beruffer, déi et erméiglechen – ëmmer méi gefrot, notamment via eng Petitioun.

Besonnesch fir d’Frontalieren ass dat awer mat ville Komplikatioune verbonnen. D’Patronat an d’Gewerkschafte confirméieren, wéi mer hei op RTL e Freideg erkläert hunn, datt et do vill Contraintë gëtt um Niveau vun de Steieren a vun der Sozialversécherung.

Am Moment däerf e Frontalier, jee nodeem ob en an der Belsch, a Frankräich oder an Däitschland wunnt, net méi ewéi 19, respektiv 29 oder 34 Deeg zu Lëtzebuerg am Teletravail schaffen, soss muss en a sengem Wunnland Steiere bezuelen. Um Niveau vun der Sécurité Sociale sinn et maximal 25% vun der Schaffzäit.

D’Gewerkschafte wëllen, datt déi Limitten eropgesat ginn. D’Patronat ass net dogéint, mee betount, datt een och misst flexibel bleiwen.

Alles dat muss mat de Nopeschregiounen, respektiv mat den Haaptstied oder op europäeschem Niveau verhandelt ginn. D’Nopeschregioune betounen dacks, datt si Infrastruktur fir d’Frontaliere musse bezuelen. Op Lëtzebuerger Säit heescht et, d’Nopeschregioune géingen och vun de Frontaliere profitéieren, well da manner Chômage do ass an d’Frontaliere jo och méi Suen an hirem Wunnland géingen ausginn.

© Didier Weber / RTL

Back to Top
CIM LOGO