Um fréieren Aldringen virun der PostPazifistesch Maniff um Virowend vum Joresdag vum Krich am Noen Osten

RTL Lëtzebuerg
A villen europäesche Stied, dorënner zum Beispill Berlin, sinn Manifestatioune géint de Krich am Noen Osten. Esou um Sonndeg an der Stad.

Zanter 10 Auer um fréieren Aldringen virun der Post eng Rei Gruppéierungen am Gaang, zesummen d’Nimm vun Dausenden Kanner virzeliesen, déi “am Genozid duerch den israeelesche Staat massakréiert” gi wären. Mat Amenter waren 15 bis 20 Manifestanten op der Plaz.

Dat confirméiert d’Police, déi op der Plaz war, fir de Leit d’Spillreegelen z’erklären, wéi et op Nofro hin heescht. Megaphonen wären zum Beispill net erlaabt. D’Persounen hätten och keng Erlabnis, fir do ze protestéieren. Dat confirméiert de Kollektiv “Waassermeloun” och an engem Communiqué. Allerdéngs hätt een eng Demande gemaach, fir do dierfen ze manifestéieren. Ma d’Gemeng hätt dorop net reagéiert.

Wéi et ausgesäit, hunn d’Manifestanten ënner Konditiounen dierfen sëtze bleiwen. Si schreiwen, si wéilten déi geplangten 10 Stonnen duerchzéien.

Hei d’Schreiwes:

Dimanche 6 octobre à la veille de la commémoration des un ans du génocide Gaza, les collectifs Waassermeloun, BDS collective, student fit Palestine et Rise for climate Luxembourg ont organisé un sit in pacifique à Hamilius de 10h à 20h. Le but de cette action était de lire les noms des 16.500 enfants massacrés par l’état genocidaire qu’est Israël. Malgré une demande d’autorisation effectuée dans les formes, les autorités de la ville ont ignorés la demande. Vers 12h30 la police s’est présentée et a menacé les personnes présentes de procéder à leurs arrestation si ils ne quittaient pas les lieux à 13h. Les manifestant.e.s ont décidé de rester jusqu’à l’heure prévue en dépit des menaces de la police.

Back to Top
CIM LOGO