80. Joresdag vun der LiberatiounPéiteng ass fräi a Panzerschluecht zu Bartreng

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg viru genee 80 Joer huet d'Liberatioun vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich ugefaangen.
80. Joresdag vun der Liberatioun
E Méindeg viru genee 80 Joer huet d’Liberatioun vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich ugefaangen.

Péiteng war déi éischt Uertschaft am Land, déi den 9. September 1944 vun den Alliéierte befreit gouf. An deem Kader war e Méindegowend zu Péiteng eng offiziell Gedenkfeier un där ënnert anerem den Ierfgroussherzog Guillaume an de Premier Luc Frieden, grad ewéi de Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf deelgeholl hunn.

Befreiung vu Péiteng - Reportage Danny Rasqué

Péiteng ass fräi

An der Lénger Strooss sinn d’Amerikaner den 9. September 1944 géint Mëtteg iwwer d’Grenz komm. Eng kleng Unitéit, zwou Jeepen an e liichte Panzer hunn d’Opklärung gemaach. Déi Däitsch haten nach eng Kanoun zu Péiteng stoen an hunn d’Amerikaner an d’Viséier geholl. Dee klenge Panzer ass a Brand geroden, een G.I. ass bei där Attack ëm d’Liewe komm, een Zaldot gouf schwéier blesséiert, zwee anerer méi liicht.

Den Hyman Josefson war de Kommandant vum Panzer an deen éischten amerikanesch Zaldot, deen hei am Land gefall ass. 40 Joer huet et gedauert fir erauszefannen, wien hie war. Eréischt Mëtt den 80er-Joren, wéi d’US Arméi d’Archiven opgemaach huet, ass säin Numm public ginn.

Panzerschluecht zu Bartreng

Iwwert d’Lonkecher Strooss goung et weider Richtung Stad. Ma zu Bartreng louchen däitsch Panzer op der Lauer an hunn op d’Amerikaner gewaart. 3 Panzer goufe vun amerikanesche Fliger ausser Gefecht gesat, een ass leie bliwwen, wëll e kee Bensinn méi hat. De leschten däitsche Panzer war um Gréiwelserhaff a Positioun gaangen an huet een amerikanesche Panzer a Brand geschoss, ee weidere krut seng Kette futti geschoss.

De Roger Ewen war deemools 12 Joer al. Hie krut den Dag no der Panzerschluecht vun amerikaneschen Zaldoten erzielt, wat geschitt war. De Roger Ewen erënnert sech dorunner, datt d’Amerikaner eng déck Kanoun ugefuerdert hunn, well d’Panzerung vum däitsche Gefier ze déck war. Bei der Schéisserei op der Gréiwelser Barrière sinn och Zivilisten ëm d’Liewe komm, erënnert sech de Roger Ewen. Eng Granat war zu Bartreng an d’Fassad vun engem Haus ageschloen, 3 Mënsche sinn dobäi gestuerwen.

No dëser Schluecht huet d’US-Arméi decidéiert, d’Nuecht op der Streck tëscht Dippech a Bartreng ze verbréngen. Si huet sech regroupéiert an den Dag drop d’Stad befreit.

Back to Top
CIM LOGO