
Wéi d’Police schreift, wieren d’Polizisten an der Nuecht op e Méindeg op der Kräizung tëscht der Avenue de la Liberté an der Rue Alexandre zu Déifferdeng op zwee alkoholiséiert Männer opmierksam ginn, wéi ee vun hinnen an der Ëffentlechkeet urinéiert huet.
Wärend d’Beamte mat de Männer beschäftegt waren, ass eng Automobilistin an e geparkt Gefier gerannt, wéi si probéiert huet, aus enger Parkplaz erauszefueren. Bei der Kontroll vum Won ass opgefall, datt d’Fra hannert dem Steier offensichtlech ze vill gedronk hat.
Well si an ee vun hire Passagéier net mat de Poliziste kooperéiert hunn, goufen zwee Protokoller wéinst Beamtebeleidegung geschriwwen. Dem onkooperative Mann war e Protokoll allerdéngs net duergaangen. Well hie sech weiderhin de Batti gestallt huet, huet hien no enger medezinescher Kontroll missen d’Nuecht am Arrest verbréngen. Wéinst dem ze héijen Alkoholtaux huet d’Automobilistin iwwerdeem missen de Fürerschäin ofginn.
E weidere Virfall an der Nuecht op e Méindeg gouf der Police dann nach an der Stater Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier gemellt. Eng Persoun war hei an e Geschäft agebrach an huet d’Banneraim vun dësem duerchwullt. Den Täter konnt awer vun der Police nach op der Plaz gestallt a festgeholl ginn. Hie koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.