D'Police am AsazPermis wéinst ze vill Alkohol agezunn, Mann gëtt dono nach eng Kéier erwëscht

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg haten d'Beamte vun der Police nees vill mat Automobilisten ze dinn, déi ze vill gedronk haten. Och ee Cyclist war drënner.

E Samschdeg de Mëtteg war d’Police wéinst engem alkoholiséierte Mann op e Parking um Findel geruff ginn. Op der Plaz huet de Mann zouginn, datt hie mat sengem Auto op de Parking gefuer ass, wouropshin d’Polizisten decidéiert hunn, en Alkoholtest ze maachen. Well den Taux iwwer dem erlaabte Wäert war, huet de Mann missen de Fürerschäin ofginn.

E bësse méi spéit gouf de Mann mat sengem Auto vun enger anerer Patrull nach eng Kéier ugehalen. De Parquet huet doropshin decidéiert, den Auto ze saiséieren a Plainte ze maachen.

E Samschdeg de Mëtteg war iwwerdeem e Cyclist um Gaasperecher Kräiz accidentéiert a liicht blesséiert ginn. Well hien alkoholiséiert op der Strooss ënnerwee war, gouf säi Permis agezunn.

E weidere Chauffer, deen ze vill gedronk hat, war der Police géint 20 Auer zu Diddeleng gemellt ginn. De Chauffer, dee bei sech doheem konnt ugetraff ginn, hat ze vill gedronk an huet de Permis missen ofginn.

Géint 1 Auer war dann eng Kéier en Auto zu Mamer gemellt ginn, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. De Won gouf méi spéit an engem Wunnquartier fonnt, mam Chauffer dran, deen hannert dem Steier geschlof huet. Och hien huet de Fürerschäin missen ofginn.

Déi selwecht Auerzäit war op der A7 e weideren alkoholiséierte Chauffer ënnerwee, géint deen iwwerdeem e Fuerverbuet virlouch. Och an dësem Fall gouf Plainte gemaach.

Op der A13 war et géint 3.30 Auer e Motocyclist am Zickzack ënnerwee, deen ëmmer rëm méi séier oder méi lues gefuer ass. Och hei louch den Alkoholtaux iwwert dem erlaabte Wäert, wouropshin de Permis agezu gouf.

A Clausen hat e Chauffer op sech opmierksam gemaach, well e mat ze héijer Vitess aus dem Parkhaus gefuer ass. D’Beamten op der Plaz hunn en Alkoholtest mam Automobilist gemaach, deen ze héich ausgefall war.

Back to Top
CIM LOGO