
D’Police Judiciaire an d’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF waren an d’Siègë vu béide Banken, esou Paperjam um Freideg de Mëtten.*
Reporter.lu hat Ufanks der Woch bericht, datt effektiv no der CSSF elo och d’Justiz eng preliminär Enquête opgemaach huet, fir d’Roll vun de Banken ënnert d’Lupp ze huelen.
Nodeems d’Affär den 19. Juli bekannt gouf, war séier an der Press a bei eis bekannt ginn, datt et béid Banke sinn, déi di 61 Milliounen Euro op Konte vun der spuenescher Bank BBVA transferéiert haten. Ewéi mir scho bericht haten, gi sech vill Froe gestallt, ewéi esou vill Suen iwwert puer Méint konnten iwwerwise ginn, ouni datt bei de Banken e Verdacht entstanen ass. Dat obwuel d’Banken an der Lutte géint Frauden oder Blanchiment eng Rei Reegelen anzehalen hunn.
*An enger éischter Versioun vum Artikel hat et geheescht, datt d’Perquisitiounen, wéi Paperjam gemellt hat, e Freideg de Moie gewiescht wieren. Déi bei der Spuerkeess war scho virun e puer Wochen.