Bei Beleidegungen a FrechheetenPersonal a Bus an Zuch soll d'selwecht protegéiert gi wéi Polizisten

Roy Grotz
An Zukunft sollen och Akte vu Beleidegung a Frechheeten géint Zuch-Kontrolleren a Buschaufferen am Code Penal verankert ginn

Dat ass ewell och de Fall fir Polizisten a Pecherten.

Deemno spillt an deene Fäll den Artikel 269 iwwert den “outrage à agent”, wou Strofe bis 2.000 Euro respektiv Prisongsstrofe bis zu engem Mount virgesi sinn.

Deemno solle Leit, déi an Zich a Busser schaffen, d’selwecht protegéiert gi wéi d’Polizisten. Et geet ëm verbal Frechheeten, Beleidegungen, aggressiv Gesten a Menacen - och schrëftlecher oder gezeechent.
D’Bodycams fir Poliziste ginn iwwerdeem jo d’nächst Joer agefouert.

Op d’Farerflucht och an Zukunft soll méi streng poursuivéiert a gestrooft ginn, ënnersicht den Inneminister Gloden grad. Den CSV-Minister gëtt des Prezisiounen op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.

Back to Top
CIM LOGO