
Op der A7 am Mierscher Tunnel op der Héicht vu Schëndels krute sech um 13 Auer zwee Autoen ze paken, blesséiert gouf dobäi awer keen. D’Ambulanz aus der Nordstad an d’Pompjeeë vu Miersch a Luerenzweiler waren op der Plaz.
Kuerz drop, géint 13.20 Auer gouf an der Stater Avenue Monterey eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert.
Eng weider blesséiert Persoun gouf et dann och bal zäitgläich um CR102 tëschent Mamer an Dippech. Zwee Autoe sinn hei aneneegerannt. D’Stater Ambulanz sou wéi och d’Pompjeeë vu Mamer waren hei am Asaz.