
D’Police huet e Samschdeg matgedeelt, dass d’Persoun déi en Donneschdeg op der Schëfflenger Gare uerg verwonnt gouf un de Suitten vun hire Blessuren gestuerwen ass.
Géint 16.40 Auer war zu Schëffleng e Mann op d’Gleiser gefall, wéi hien um Quai gewaart hat. Wéi et heescht, hätt de Mann d’Gläichgewiicht verluer a wier gefall, wéi den Zuch de Quai verloosse wollt.
De Mann gouf ganz uerg blesséiert a koum direkt an d’Spidol. Ermëttlunge goufen ageleet, fir d’Ëmstänn vum Virfall ze klären.